Radioen

On air

Tockcity  |  Amen Dunes - Boys

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hanner de Sportler

Spiller vun de klenge Länner

Hanner de Sportler

140 Sportler si bei de Spiller vun de klenge Länner fir Lëtzebuerg um Depart. Si gi vu villen anere Leit encadréiert. Vun Traineren an Arbitteren bis zu Dokteren a Video-Analysten. E Bléck hanner d'Kulisse bei de Spiller 2019 a Montenegro.

auto_stories

4 min

Wéi de Koen Beynen duerch d'Athletenduerf zu Budva trëppelt, gesäit een him de laangen Dag un, deen hien hanner sech huet. Zanter dem fréie Moien souz de Belsch an der Volleyball-Hal zu Budva an huet gefilmt. Net just de Match vun der lëtzebuergescher Damen-Equipe, mee och déi vun all hire Géigner.

De Koen Beynen ass Video-Analyst fir déi lëtzebuergesch Delegatioun - an domat fir de Scouting vun de géignereschen Equippen zoustänneg. "Ech maachen d'Video-Analyse fir d'Equipe aus Lëtzebuerg. Ech filmen a preparéieren d'Matcher", seet hien. "Sou kann den Trainer kucken, wéi déi aner Equippe spillen a seng Strategie opstellen. Déi gëtt hien un d'Spillerinne weider."

140 Sportler - 68 Begleeder

De Koen Beynen ass ee vun deene Leit, déi bei grousse sportlechen Evenementer gären an den Hannergrond geroden. Wou de Sport am Mëttelpunkt steet, ass de Rescht vun der Delegatioun eng Niewesaach. Wann ee sech awer Zuelen ukuckt, da mécht den Encadrement e groussen Deel vun der Delegatioun aus. 68 Membere vun de Federatiounen encadréieren d'Sportler - also bal eng Persoun fir zwee Sportler. Arbitteren, Kinéen, Dokteren - an eben och Leit, wéi de Koen Beynen.

Besonnesch am Ufank vum Tournoi muss hien all Minutt an der Hal stoen. "Am Match registréieren ech alleguer d'Attacken, Passen a Receptioune vu béiden Equippen. Duerno verbannen ech all Aktioun mat dem Video, deen dozou gehéiert. D'Spillerinne kënnen dann zum Beispill gesinn, a wéi eng Richtung si am beschten attackéieren."

De Koen Beynen mat sengem wichtegsten Tool vir d'Video-Analys: dem Computer (Foto: Matthias Kirsch)

Dem Koen Beynen ass zanter 15 Joer Video-Analyst, huet bei engem klenge Club an der Belsch ugefaangen a sech eropgeschafft. Mam Herman Vlaeminckx, deen zanter zwee Joer Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalequipe ass, schafft de Koen Beynen länger zesummen. "Wann ech zum Beispill "Service" auswielen, da kommen hei déi zwielef Servicer vu Liechtenstein", erkläert de Belsch. "Dat preparéieren ech fir d'Equipe a ka soen, wie besonnesch gutt servéiert."

Fir ee Match esou akribesch ze preparéieren, brauch de Koen Beynen tëschent zwou an dräi Stonnen. Dobäi kënnt d'Zäit vum Match an natierlech de Meeting mat de Spillerinnen. Eng intensiv Woch also fir hien hei a Montenegro - och wann de Koen Beynen selwer net um Terrain steet.

Multikulti bei den Arbitteren

Um Terrain steet, eng knapp Stonn vu Budva fort, de Georges Wolzfeld. Bei de Basket-Matcher an der Stad Bar ass hien als Arbitter am Asaz. Deel vun der Delegatioun ze sinn ass eng flott Experienz, seet de Georges Wolzfeld. Normalerweis wier een als Arbitter meeschtens eleng ënnerwee.

"An dësem Fall huet een eng ganz Delegatioun, déi dobäi ass a vun där een en Deel ass. Et kann ee mat ville Leit och iwwer déi aner Sportaarte schwätzen. An deem Sënn ass dat ganz flott, an ech si frou datt ech kann dobäi sinn", seet de Georges Wolzfeld.

De Basket-Arbitter Georges Wolzfeld bei de Spiller vun de Klenge Länner

Zwar ass hien net am Athletenduerf ënnerbruecht, fillt sech awer als Deel vun engem grousse Ganzen. A bei de Spiller gehéiert hien zu den erfuerenen Arbitteren. Normalerweis komme bei internationalen Tournoie just Arbitteren zum Asaz, déi fir international Matcher zougelooss sinn.

D'Organisatioun aus Montenegro gëtt awer enger Rei jonken Arbitter d'Méiglechkeet, hei ze léieren. "Dat heescht, mir hunn eng Grupp vun ganz erfuerenen Arbitteren bis zu deenen, déi fir d'éischte Kéier am internationale Geschäft schnupperen."

Onopfälleg - mee onersetzbar

Am Basket sinn am Ganzen 18 Arbitteren am Asaz - aus sechs verschiddene Länner. Trotzdem kënnt et net zu sproochleche Barrièren, seet de Georges Wolzfeld. "Dat ass vun der FIBA ganz kloer gereegelt. Déi offiziell Sprooch am Basket ass Englesch. Dat heescht, um Terrain schwätze mir alleguerten Englesch."

Op den Tëleesbiller an an den Zeitungsartikele géif ee vläicht net mierken, wann déi Leit, déi d'Delegatioune begleeden, géife feelen. Mee si alleguerten, wéi de Koen Beynen an de Georges Wolzfeld, droen dozou bäi, datt en Evenement, wéi d'Spiller vun de klenge Länner, en Erfolleg gëtt.