Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannover huet de gratis ëffentlechen Transport getest

Mobilitéit

Hannover huet de gratis ëffentlechen Transport getest

Motivéiert de gratis ëffentlechen Transport méi Leit wéi bis elo den Auto stoen ze loossen an op ëffentlech Verkéiersmëttelen ëmzeklammen? Et gi kaum Experienzen, op déi ee sech baséiere kéint. Zu Hannover an Däitschland gouf de gratis ëffentlechen Transport virun engem gudde Mount eemol een Dag laang ausprobéiert.

auto_stories

3 min

Am November war den ëffentlechen Transport zu Hannover fir een Dag gratis. Foto: Bigstock / ilolab

"Bus und Bahn gratis fahr'n", dat war de Slogan ënner deem Bussen, S- a U-Bahnen a Regionalzich zu a ronderëm Hannover een Dag laang gratis zirkuléiert sinn. Et war samschdes, den 30. November. De Virowend vum 1. Adventssonndeg, deen Dag, wou et esou richteg lass geet mam Chrëschtdags-Shopping.

Test ënner héijer Belaaschtung

Am Zentrum vun Hannover wier dat déi lescht Joren ëmmer ee vun de Verkéiers-stäerksten Deeg vum Joer gewiescht, seet de Verkéiersdezernent vun der Regioun Hannover, den Ulf-Birger Franz. An natierlech hätt hien dofir och d'Fro gestallt kritt, wisou een dat op deem Dag teste wëllt, wou de Verkéier am stäerksten ass, mee grad dat wier eben de Grond gewiescht. Et hätt een et wëllen ënner enger méiglech héijer Belaaschtung testen an net op engem Sonndeg, wou souwisou keen an d'Stad géif fueren.

An nach eppes hätt fir e Samschdeg geschwat, fir deen Test ze maachen (éischter wéi fir en normale Wierteg): d'Méiglechkeet, Deeler vum Stadzentrum fir Privatautoe méi schwéier zougänglech ze maachen, ouni en awer komplett ze spären. Dat mécht de Stadkär méi attraktiv fir de Vëlo an et kritt ee Plaz fir méi Bussen, déi an enger méi héijer Frequenz kënne fueren - mat Betounung op fueren, well se eben net nieft den Autoen am Stau stinn.

Well et samschdes war, hu gréisser Entreprisen och gär hir Firmeparkplazen zur Verfügung gestallt, déi dunn als Park and Ride konnte genotzt ginn. D'Resultat: 250.000 Leit sinn deen Dag an den Zentrum vun Hannover eragefuer, méi wéi soss samschdes an der Adventszäit.

Méi Leit hunn den ëffentlechen Transport genotzt

Trotzdeem wier alles entspaant ofgelaf, seet den Ulf-Birger Franz, ebe well et manner Autoen an der Stad gouf a well Deeler vun der Stad autofräi waren. Gläichzäiteg hätte méi Leit den ëffentlechen Transport genotzt: ronn 60 Prozent méi Leit hätte vum Tram profitéiert, ronn 50 Prozent méi hätten de Bus genotzt. Et wieren awer och vill méi Gefierer agesat ginn: "Es ist alles auf die Strasse und die Schiene gebracht worden, was irgendwie möglich war", erzielt de Verkéiersdezernent vun Hannover.

Interessant an deem Zesummenhang: bei de regionalen Eisebunnen (déi och näischt kascht hunn deen Dag) wier den Zoulaf vill manner grouss gewiescht, wat och drop zeréckzeféiere wier, datt d'Eisebunn manner flexibel ass wéi S-Bunn oder Bus, mengt den Ulf-Birger Franz: si hätt quasi keng zousätzlech Zich fuere gelooss.

D'Offer ass entscheedend

Fazit vum Test-Dag zu Hannover: en Dag, deen iwweregens wëssenschaftlech begleet an ausgewäert gouf: d'Gratuitéit ass e Gadget, entscheedend ass d'Offer. Zu Hannover wiere wiertes um aacht Auer moies d'Waggonen alleguerte sou voll, datt keng Plaz méi fir nei Passagéier wier. Ee gratis ëffentlechen Transport géif hei also keng Wierkung weisen, seet den Ulf-Birger Franz.

Vun der Symbolik hier wier de gratis ëffentlechen Transport natierlech e staarke Statement, mee vill méi effizient wier et, wann d'Offer an d'Luucht gesat géif ginn. D'Bundesregierung géif eng Milliard Euro fir den ëffentlechen Transport zur Verfügung stellen, an dat begréisst den Ulf-Birger Franz och. De Gros dovunner géif an d'Infrastruktur fléissen, eppes, wat hie begréisst.

Hannover huet an där Optik kuerz viru Chrëschtdag decidéiert, seng Flott vun S- an U-Bahngefierer ëm 100 Stéck ze vergréisseren: dat ass e Plus vun engem gudden Drëttel am Verglach mat haut. D'Gratuitéit ass aktuell keen Thema an der Haaptstad vun Niedersachsen.

Dat huet och mat de Finanze vun däitsche Stied a Gemengen zu dinn: d'Ticketen, déi den 30. November net verkaaft goufen, hunn déi ëffentlech Transportbetriber zu Hannover ëm Recettë vu geschat méi wéi 350.000 Euro bruecht.