Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hardliner oder Reformer?

Presidentschaftswahl am Iran

Hardliner oder Reformer?

Am Iran gëtt dëse Freideg en neie President gewielt. Vun am Ufank 1.600 Aspiranten sinn nach véier offiziell Kandidaten iwwreg. Wéi dacks an der Vergaangenheet treffen och dëst Joer nees Reformer a konservativ Hardliner openeen.

auto_stories

4 min

Et ass e gewinntent Bild am Virfeld vun de Presidentschaftswahlen am Iran: Wirtschaftlech a politesch Verännerung Richtung Westen op där enger Säit. Déi konservativ Linn, déi den Establishment vun der Islamescher Republik léiwer fiert op där anerer Säit.

Den Iran ass nieft Saudi-Arabien dee gréissten ekonomeschen Acteur am Noen Osten. An nom Atom-Ofkommes hu besonnesch déi europäesch Länner den Handel mam Land nees an d'Luucht geschrauft. Kuerz no der Ënnerzeechnung war och eng lëtzebuergesch Delegatioun zu Teheran - den Interêt ass genee sou grouss wéi de Marché.

Den Trump-Facteur

Deementspriechend ass d'Ekonomie och en Thema bei de Wahlen. Wéinst der Wiel vum Donald Trump géif awer nach eng aner Angscht ëmgoen, erkläert den Arash Zeini, Iranist op der FU Berlin. Wéi wichteg d'Wiel vum neien amerikanesche President fir den Iran gëtt, hänkt och vill dovun of, wien neie President gëtt.

Wien offiziell Kandidat fir dat héchst gewieltent Amt am Iran gëtt, decidéiert de sougenannte Wiechterrot, an deem déi iewescht Kleriker vum Land sëtzen. "Aus 1.629 Kandidate goufen der dëst Joer sechs zougelooss", seet den Arash Zeini.

Den Ament bleiwen awer just nach véier Kandidaten. Zwee hunn der schonn opginn, ënnert anerem de Vize-President Eshaq Jahangiri. Et bléiwen zwee Reformer: De President Rohani an den Mostafa Hashemitaba. An zwee Hardliner: De Jurist Ebrahim Raisi an de Mostafa Mir-Salim.

Keen Opschwong fir Populatioun

Déi effektiv Decisioun dierft awer tëscht Rohani a Raisi falen. Eng Decisioun, déi méi knapp kéint ginn, wéi nach virun e puer Méint ugeholl. Ee Grond dofir ass, datt vum liichte Wirtschaftsplus nom Atom-Ofkommes quasi näischt an der breeder Populatioun ukomm ass. Grad bei jonke Leit géif et eng gewëss Onzefriddenheet ginn, seet den Arash Zeini. De wirtschaftlechen Opschwong an d'Opmaachen no Weste wieren ausbliwwen.

Dat huet seng Grënn: 2013 war den Hassan Rohani mam Verspriechen ugetrueden, déi héich Aarbechtslosegkeet ze bekämpfen, fir en Opschwong ze suergen an d'Mënscherechtssituatioun ze verbesseren.

"Bei de Wahlen am Iran ass d'Konstellatioun vun de Kandidaten ëmmer ganz wichteg. Och wann ee mam Rohani sengem Opschwong net d'accord ass, passt ee gutt op, fir wien ee wielt. Well dat kéint eng schaarf Kéier bedeiten, fir d'Land an d'Aussepolitik", seet de Wëssenschaftler vun der FU Berlin.

Keng Fortschrëtter bei Mënscherechter

Datt vill Leit sech trotzdem fir de Rohani wäerten decidéieren, mengt de Mahmood Amiry-Moghaddam net. De gebiertegen Iraner ass de Grënner vun der Organisatioun Iran Human Rights. De Mënscherechtler fäert, datt vill fréier Ënnerstëtzer vum Rohani guer net wiele ginn:

"Viru véier Joer hu si dem Rohani wéinst sengem Verpriechen, d'Mënscherechtssituatioun ze verbesseren, hir Stëmm ginn. Et si Fortschrëtter ginn an de leschte Joren. Mä net vill a Punkto Mënscherechter."

Wëll et am Iran keng onofhängeg Sondagen am Viraus vun de Wahle ginn, ass et schwéier, eng Preferenz an der Bevëlkerung festzehalen. Dat gewënnt nach u Wichtegkeet, well een d'Wahlen am Iran am éischten Tour just mat enger absoluter Majoritéit ka gewannen.

Wann de "Supreme Leader" mam Wahlresutat zefridde wier, géif et ugeholl ginn. D'Wahle sinn net transparent, et gi keng Kontrollen an den Inneministère annoncéiert schlussendlech de Gewënner", seet de Mahmood Amiry-Moghaddam.

Datt den Ebrahim Raisi als Regime-trei gëllt, kéint him also entgéint kommen, mengt de Mënscherechtler. Den Ayatollah Ali Chomeini, reliéise Féierer vum Land, huet den Raisi an de leschte Wochen och ëffentlech ënnerstëtzt.

Politesch net Interesséierter kéinten entscheeden

Den Mahmood Amiry-Moghaddam gesäit an der iranescher Populatioun véier verschidde Wahlgruppen. Als éischt déi konservativ Leit, déi hannert dem Ayatollah an dem Ebrahim Raisi stinn. Dann ee Grupp u Reformer, d'Ënnerstëtzer vum President Rohani, an een Deel vu Leit, deenen d'Politik egal ass.

Et wier dee véierte Grupp, deen d'Wahl dierft decidéieren. Dës Leit géife just wiele goen, wa si eppes dovun hunn, seet de Mahmood Amiry-Moghaddam. "Ech mengen, datt vill vun deene Leit, deenen hir wirtschaftlech Situatioun méi schlecht ginn ass, fir de Raisi wieren."

Sollt den Ebrahim Raisi d'Wahl gewannen, gesäit de Mahmood Amiry-Moghaddam iwwerdeems keng gutt Chancë fir eng Verbesserung vun de Mënscherechter. An déi hätt et néideg: Just ee Land léisst all Joer méi Prisonéier hiriichten, wéi den Iran. A reliéis Minoritéiten a Fraen kënnen och nach ëmmer net fir d'Presidentenamt kandidéieren.

Raisi kee Provokateur?

Den Arash Zeini vun der FU Berlin mengt awer, datt de Raisi net sollt an déi selwecht Rei vun Hardliner, wéi zum Beispill de fréiere President Mahmud Ahmadinedschad stellen, deen an éischter Linn e Provokateur gewiescht wier.

"Dat muss net onbedéngt beim Raisi de Fall sinn. Et ka sinn, datt de Raisi aussepolitesch guer net opfält."

Wien och neie President gëtt: Déi iranesch Linn am Syrien-Konflikt dierft sech net all ze vill änneren, do si sech béid Wëssenschaftler eens. Déi aktuell Politik vum Schutz vun den eegene Grenze géint d'Onrouen an den Nopeschlänner géifen an der Bevëlkerung op e gewëssent Verständnis stoussen.