Dëse Certificat an digitaler an analoger Form soll Impfungen, Test-Resultater an iwwerstanen Infektioune bescheinegen. D'EU-Länner wiere sech eens ginn, datt déi eenzel Memberstaate selwer solle kënne bestëmmen, wat sou e Certificat fir Virdeeler fir Areesender mat sech bréngt.
Vu Lëtzebuerger Säit heescht et, et géif ee begréissen, datt et sech hei ëm e Certificat, an net em een "Impfpass" handelt. Verschidde Memberlänner hätte esou e Pass gefuerdert, deen dem Titulaire gewësse Rechter zoudroe géif. Aus Lëtzebuerger Siicht hätt dëst eng Form vun Diskriminatioun kéinten duerstellen, dat well net all Bierger de selwechten Accès zur Covid-Vaccinatioun hätt, an och well et keng generell Impfflicht gëtt.
Et soll och vun den eenzele Memberlänner ofhänken, ob si och Impfunge vu Pharmakonzerner unerkennen, déi just a verschiddene Länner zougelooss sinn, wat jo zB de Fall vum russesche Sputnik ass. Vun engem Beamten heescht et, datt Lëtzebuerg déi Impfstoffer erkenne wéilt, déi vun dem europäesche Regulateur EMA zougelooss wieren.
D'EU-Kommissioun schafft elo un enger digitaler Virlag fir dëse Certificat, dee fir déi national Uwendung geduecht ass. Domat wier d'Prozedur elo lancéiert, viraussiichtlech soll d'EU-Parlament am Mee an der Plenière iwwer dës Mesure ofstëmmen. De politesche Wëlle fir eng séier Adoptatioun wier do, esou d'Aschätzung vun engem Lëtzebuerger Beamten.