Harmoniséierung vum EU-Copyright

D’Droits d’auteure sollen an der EU méi eenheetlech gereegelt ginn. Een Ziel ass, datt Servicer fir Videoen Online ze kucken, iwwer d’Grenzen ewech accessibel sinn. Aktuell gëllen d’Lizenzen dacks just fir eenzel Länner. Amplaz soll eng eenheetlech europäesch Lizenz agefouert ginn. Dës Initiativ gëtt och vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ënnerstëtzt, dee sot hie wéilt Barrièren am digitalen EU-Bannemaart ofbauen.

Fir d’Reform ze preparéieren huet d’Europadeputéiert vun der däitscher Piratepartei Julia Reda ee Rapport geschriwwen, an deem déi aktuell Situatioun beliicht gëtt. D’EU-Kommissioun soll am Hierscht eng Propose fir een neien Text op den Dësch leeën. Den Hannergrond vun der Reform ass der Julia Reda no, datt et den Ament just gemeinsam Mindeststandarde fir d'Protectioun vun de Copyright-Titulairë gëtt, mee keng Standarde fir d'Protectioun vun de Notzer. Grad bei digitalen Inhalter wéissten d’Notzer dacks net, wat erlaabt a wat verbueden ass.

Privat Kopië vun digitalen Inhalter (wéi Musek oder Filmer) sollen europawäit legal sinn. Dat ass a ville Länner schonn elo de Fall ass, betount d’Julia Reda. D’Tausche vun esou Inhalter op Online-Plattforme wéi “The Pirate Bay” gëlt an de meeschte Länner als illegal. Déi Problematik wier mat dëser Reform awer net viséiert, sou d’Julia Reda.

Den Interview vum Pia Oppel mat der Piratin aus dem Europaparlament:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen