Fir 59.000 Fondamentals-Schüler an hir 6.500 Enseignantë geet et schonn haut de Moien zeréck an de Klassesall.
An de nächsten Deeg kommen dann eng 49.000 Secondaires-Schüler a 5.000 -Enseignanten no - als éischt muer Donneschden d'Septièmesschüler, déi aner Klassen hunn e Freiden hir Rentrée.
Am Secondaire ginn et dann och Neierungen um Stonneplang. Fir eng 4.300 Quatrièmes-Schüler kënnt dëst Joer e néie Cours dobäi - eng Stonn d'Woch gëtt an 250 Klasse Lëtzebuerger Sprooch a Kultur enseignéiert. Dëst hat den Educatiounsminister Claude Meisch de Méindeg op senger Rentréespressekonferenz annoncéiert.
Fir jidderee gëllen och nei Covid-Mesuren. An de Klassesäll gëllt keng Maskeflicht méi soulaang et keng positiv Coronafäll ginn. Geimpft a geheelt Schüler ënnerleie kenger Quarantän méi. Schnelltester ginn am Fondamental zwee Mol d'Woch gemaach, am Secondaire een an der Schoul, e weidere kréien d'Schüler mat Heem.
Ewéi den Educatiounsminister matgedeelt huet si 87 Prozent vun den Enseignantë geimpft. Bei de Schüler tëschent 12 an 18 Joer huet d'Hallschent ewell op d'mannst eng Vaccins-Dosis kritt.