Radioen

On air

Notturno  |  Aphex Twin - Blackbox Life Recorder 21f (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hauts-de-France: Zentrum vun der Extrême Droite?

Franséich Presidentiellen

Hauts-de-France: Zentrum vun der Extrême Droite?

Compte à rebours a Frankräich: D'Marine Le Pen huet haut Donneschdeg zu Arras hire leschte Meeting virum zweeten Tour vun de Presidentiellen dëse Sonndeg. Arras, dat ass eng kleng Stad an der Regioun Hauts-de-France, un der belscher Grenz. D'Spëtzekandidatin vum Rassemblement National huet mat 33 Prozent an där Regioun hiert bescht Resultat erziilt. Dobäi kruten an där nämmlechter Regioun nach bis virun zéng Joer d'Sozialisten déi meeschte Stëmmen. Wéi koum et zu dësem Wiessel De Léonardo Kahn war fir eis zu Roubaix, eng Stad, déi am Discours vun der Marine Le Pen eng besonnesch Roll spillt.

auto_stories

3 min

Roubaix huet e schlechte Ruff. Et ass eng vun den äermste Stied a Frankräich, d'Duerchschnëttsakommes läit ëm ronn 1.000 Euro ënnert der Moyenne an de Chômagetaux ass duebel esou héich wéi deen op nationalem Niveau. Well vill Moslemen hei wunnen, knapps een Drëttel vun der Bevëlkerung, gëtt d'Stad vun der Extreme-Droite dacks als negatiivt Beispill benotzt. Sou d'Marine Le Pen virun zwee Méint um Radio Europe 1:

"Demain, ce qui est sûr, il y aura 100 villes comme Roubaix, puis 10.000 villes comme Roubaix, jusqu'à ce que nous n'ayons plus les capacités de réagir. Il y a donc objectivement une urgence."

Vill Awunner vu Roubaix genéiere sech op Grond vun där Reputatioun, hir Heemechtsstad beim Numm ze nennen:

"Quand on me demande d'où je suis je dis: "Bah Lille, pas loin... et quand je dis Roubaix tout le monde me dit: 'Non, pas Roubaix?!'"

Zanter et an der Regioun keng Industrie méi gëtt, hu lénks Parteie kee Succès méi

Virun zwanzeg Joer war dat anescht. D'Textilindustrie huet d'Ekonomie ugekuerbelt. Dernieft huet déi ganz Regioun Hauts-de-France am 19. an 20. Joerhonnert ekonomesch och vun der Kuel- a Stolindustrie profitéiert. Deemools goufen d'Gemenge quasi exklusiv vu Kommunisten a Sozialiste regéiert.

Zanter et der Industrie allerdéngs schlecht geet, hu lénks Parteie kee Succès méi. Vill jonk Awunner wielen haut d'Marine Le Pen, an der Hoffnung datt sech d'Situatioun verbessert, sou och den 18 Joer ale Lucas.

"Pendant un moment Macron il disait qu'il suffisait de traverser la rue pour trouver un travail. Vas-y, je le mets au défi. Viens dans la rue mec et va chercher du travail. Non, c'est une vraie galère. Je suis payé 600 balles par mois, j'appelle ça esclavagisme moderne."

Am éischten Tour vun de Presidentiellen hunn d'Sozialiste besonnesch schlecht ofgeschnidden: D'Kandidatin vum PS Anne Hidalgo huet et an der Regioun grad emol op ee Prozentpunkt gepackt. D'Marine Le Pen louch dogéint mat 33 Prozent aacht Punkte virum Emmanuel Macron.

De Vitor Catteau wielt d'Marine le Pen

Ass et kee Widdersproch, datt eng Regioun, déi d'EU matgegrënnt huet an déi 300 Kilometer Grenz mat der Belsch deelt, eng euroskeptesch Kandidatin wielt? Nee, mengt de Victor Catteau, deen zu Roubaix gebuer ass an haut dem riets-extreme Rassemblement National ugehéiert.

"Les frontières ce sont aussi un filtre. Un filtre quand on veut lutter contre le fondamentalisme islamiste. Quand on voit qu'au moment des attaques terroristes, on a des terroristes qui ont franchi la frontière pour aller se réfugier dans les pays voisins."

Och wann dem Victor Catteau säi Papp an der Belsch schafft, bleiwe fir hien der Marine Le Pen hir europafeindlech Politik mat ee vun den Haaptgrënn, firwat hien der Partei RN bäigetrueden ass.

D'Inès wäert de Macron wielen

Zu Roubaix selwer huet d'Marine Le Pen allerdéngs nëmme 14,5 Prozent vun de Stemme gesammelt. Déi knapp 100.000 Awunner hunn de lénke Kandidat Jean-Luc Mélenchon mat 52,5 Prozent gewielt. Sou och déi 23 Joer al Studentin Inès. Als Muslimin wielt si dëse Sonden den Emmanuel Macron, ouni ze zécken.

"Moi je comprends totalement qu'on n'ait pas envie de voter pour Emmanuel Macron, nous les premières. Mais il y a uniquement une personne blanche qui peut se permettre de dire je vais voter Marine Le Pen, mais c'est pas par rapport à sa politique d'immigration, c'est pas par rapport à son racisme. C'est indissociable. Il y a qu'une personne blanche qui peut se permettre de prendre cette position-là, nous on peut pas. Moi je peux pas en tant que musulmane."

Wéi vill Stëmmen d'Marine Le Pen an den Hauts-de-France sammele kann, wäert sech de Sonndeg den Owend erausstellen. D'Sondagen deiten allerdéngs drop hin, datt si an der Regioun d'Nues vir kéint hunn, virun allem bei deene Jonken.