Heeschen ass virun allem Ausdrock vun Aarmut, sou d'Stëmm vun der Strooss
©Stemm vun der Strooss asbl
De Phenomen vum Heeschen hëlt zou, well och d’Aarmut zu Lëtzebuerg zouhëlt, an ass duerch repressiv Mesuren alleng net ze léisen, seet d’Direktesch vun der “Stëmm vun der Strooss”.
Am 100,7-Interview betount d’Alexandra Oxaceley, datt Heeschen u sech net verbueden ass. Géint déi organiséiert Kriminalitéit misst dogéint repressiv gehandelt ginn, op kee Fall awer géint hir Affer, déi selwer aarm sinn a gezwonge ginn op der Strooss ze heeschen. Fir Mënschen, déi op eege Fauscht heeschen, géif et och net eng eenzeg Léisung ginn.
Lauschtert de Baitrag vum Michel Delage:
De ganzen Interview mam Alexandra Oxaceley. Am éischten Deel reagéiert d'Direktesch vun der "Stëmm vun der Strooss" op d'Polemik, déi no engem Bréif vum Gaston Vogel entstan ass:
Am zweeten Deel vum Interview geet riets iwwer méiglech Léisungen: