Schold wier déi héich Auslaaschtung vum Personal am Ufank vun der Vakanzenzäit, esou d'Michelle Cloos vum OGBL-Syndikat fir Déngschtleeschtung an Energie. A Spëtzenzäite wier d'Aarbechtsintensitéit grouss.
Och de Fluchhafebedreiwer LuxAirport, dee fir d'Sécherheet um Flughafen zoustänneg ass, huet mat der Auslaaschtung ze kämpfen. Do wier ee stabil um Niveau vum Personal, esou d'Michelle Cloos, et wier awer heiansdo enk.
"Wann do een, zwee méi krank gemellt sinn, da kann et enk ginn."
Et wier eng stresseg Situatioun fir déi Leit, déi Kontrolle maachen, an déi och bëssen de Frust vun de Passagéier ofkréien, seet d'Michelle Cloos.