Vill Leit stoungen an der Mëttesstonn an der Schlaang, an hunn deels bis 40 Minutte laang gewaart. Dës Fra, déi en Test gebraucht huet fir bei de Coiffeur ze goen, huet sech dobäi net ganz wuel gespiert:
"Et fillt ee sech de Blécker ausgesat. D'Leit kucken och all. Et héiert een och Commentairë wann een hei steet. Sou franséisch Leit déi gesot hunn: 'Dat sinn déi Leit déi sech net wëllen impfe loossen'. An dann déi Blécker. Et spiert een déi Blécker. Et ass och vläicht just eng Impressioun."
D'Leit brauchen deen zertifiéierten Antigentest fir ganz verschidden Zwecker, dorënner de CovidCheck op der Aarbechtsplaz, am Kino oder am Restaurant. Dës Studentin huet den Zertifikat net fir d'Course gebraucht, mee fir eng Veranstaltung op der Uni. Mat engem modeste Budget wier si frou iwwer d'Offer vun der Stad Lëtzebuerg:
"Ech kommen heihinner, well et hei méi bëlleg ass. Ech kenne soss néirens wou et fënnef Euro ass. Dat heescht ech muss en plus och nach Besinn verschwenden."
Datt net geimpfte Leit elo op ville Plazen een zertifiéierte Test musse virweisen, wier absurd, fënnt dëse Mann:
"Après, il faut (le) faire. Ou faire le vaccin, mais je suis contre le vaccin. Il faut gaspiller dix à 15 Euro, sinon on reste à la maison enfermé."
Mee net jiddereen, dee virum Testzentrum an der Groussgaass gewaart huet, ass géint d'Covid-Impfung. Verschidde Leit soten, si wéilte gär nach e bëssen ofwaarden, bis méi iwwer eventuell Niewewierkunge bekannt wier. Anerer brauchen den Test, well si nach op hir zweet Impfdosis waarden.
Wie sech net wéilt impfe loossen, misst deen zousätzlechen Opwand eben a Kaf huelen, sou de Fazit vun dëser Fra:
"C'est mon choix. Quand on fait un choix, on l'assume jusqu'au bout."