Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Energiepräisser: Eng exzeptionell Hëllef fir Betriber

Energiepolitik

Héich Energiepräisser: Eng exzeptionell Hëllef fir Betriber

Déi Entreprisen, déi besonnesch staark ënnert den héijen Energiepräisser leiden, solle vun den EU-Memberstaaten duerch eng exzeptionell Hëllef kënnen ënnerstëtzt ginn: dat hunn d'Ministere Claude Turmes a Franz Fayot an engem gemeinsame Bréif un d'EU-Konkurrenzkommissärin Margrethe Vestager an un d'Energiekommissärin Kadri Simson gefrot.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Méiglech gi soll eng gezielten Ënnerstëtzung fir déi Industriebetriber, déi der internationaler Konkurrenz ausgesat sinn, esou béid Minister an hirem Schreiwes vum 1. Februar, dat eis virläit.

An dësem Bréif schreiwen den Energieminister an de Wirtschaftsminister vun engem "manifesten Desavantage" fir déi europäesch Industrie-Betriber am Verglach zur internationaler Konkurrenz. Dem Gaston Trauffler vun der FEDIL no géif et dësen Nodeel ginn, well d'Energiepräisser néirens sou séier klamme wéi an Europa.

Och wann et an Asien an an den USA eng gewëssen Hausse un Energiepräisser gëtt, wier déi net op deem Niveau, deen et an Europa gëtt. "Mir schwätzen hei vun engem Facteur bis zu Mol sechs beim Elektreschen, a bis zu véier Mol méi beim Gas."

Eng europäesch Léisung fannen

D'FEDIL hätt de béide Ministeren hir Bedenke wéinst den héijen Energiepräisser schonn de leschten Hierscht matgedeelt, och eng Rei vu FEDIL-Memberbetriber wiere bei de Politiker intervenéiert.

De Gaston Trauffler ënnersträicht, datt een net explizitt no engem Bréif un d'EU-Kommissioun gefrot hätt, mee "mir sinn awer frou, datt de Message gehéiert an datt elo gehandelt ginn ass".

D'FEDIL wier der Meenung, datt der Energiekris just um europäeschen Niveau entgéint gewierkt ka ginn.

Héich Energiepräisser: et steet vill um Spill

Fir d'Auteure vum Bréif, also fir den Energieminister a fir de Wirtschaftsminister, stéing vill um Spill, betount de Responsabele fir d'Industriepolitik bei der FEDIL, Gaston Trauffler: déi héich Energiepräisser géifen et schwéier maachen eng nohalteg Energie an eng effektiv Wirtschaftspolitik ze maachen.

Mat den héijen Energiepräisser wier Lëtzebuerg international net méi kompetitiv, bedauert de Gaston Trauffler vun der FEDIL. Dem Wirtschaftsministère no gëtt et nach keng Äntwert op de Bréif un déi béid EU-Kommissärinnen.