Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Terrainspräisser sinn ee grousse Problem

Jongbaueren

Héich Terrainspräisser sinn ee grousse Problem

D'Hausse vun den Terrainspraisser wierkt sech och op d'Gréngflächen aus. Dat huet ee groussen Impakt op d'Landwirtschaft, seet de Marc Roeder, deen neie President vun de Jongbaueren.

auto_stories

2 min

Marc Roeder

Wann ee Jongbauer de Betrib wëllt iwwerhuelen, da muss hie seng Gesëschter ofleeën, wat enorm Investitiounskäschte bedeit. D'Hausse vun den Terrainspräisser huet net nëmmen een Impakt op d'Bauterrainen, mee och op d’Gréngflächen, seet den Marc Roeder, den neie President vun der Vereenegung Landjugend a Jongbaueren.

Fir den Drock op landwirtschaftlech Flächen ze reduzéiere gouf de Gesetzprojet zum Naturschutz nogebessert. Moossname fir de Verloscht u Biodiversitéit bei Bauprojeten ze kompenséiere ginn an Zukunft op Flächepoole konzentréiert, déi de Staat opkeeft a geréiert. Promoteuren hätten doduerch an Zukunft keen Interessi méi dru fir iergendzwousch an der Natur Land ze kafen. Dat wier ee gudde Schrëtt an déi richteg Richtung, seet de Marc Roeder.

Agrargesetz wéinst Selektiounskritäre problematesch

"Beim Agrargesetz ware mir gutt mat agebonnen an den Diskussiounen. D'Jongbauere konnte wat d'Iwwerhuele vun engem Betrib ugeet, am Agrargesetz, dat behale wat bis dohinner existéiert huet", esou de Marc Roeder. Problematesch géifen d'Selektiounskritäre bleiwen, déi fir d'Subventioune festgeluecht ginn.

"Bis elo wousst een am Viraus bei all Investitiounen, wéi vill de Staat u Subventioune géing ausbezuelen. Mat deem neie System reecht ee fir d'éischt ee Projet. An dee kritt op Basis vun de Selektiounskritären eng Rei Punkten ugerechent. Dee Betrib, deen am meeschte Punkten huet kritt eng Subventioun. Deen aneren net", seet de Marc Roeder.

Petitioun fit lokal Produiten an ëffentleche Kantinnen

D'Petitioun, iwwert déi den 13. Januar an der Chamber debattéiert gëtt, géif vun alle Bauerevereenegungen matgedroe ginn. D'Bauere fuerderen, datt lokal Produiten an den ëffentleche Kantinnen genotzt ginn. Grouss Kantinne géifen net ëmmer op Lëtzebuerger Produiten zréckgräifen, wëll et am Land net déi néideg Strukture gi fir dat ze liwweren. Vue datt d'Lëtzebuerger Produktioun dacks an d'Ausland exportéiert géif ginn, hätt een awer op laang Siicht d'Méiglechkeet ëmzestrukturéieren, seet den Marc Roeder.

Den 1. an 2. Abrëll gëtt op der Place de la Constitution ee Bauerenhaff opgeriicht.

"Mir maachen do eng Foire Agricole, mee just am Klengen. Dat heescht, et ginn eng Rei Déieren gewisen. Et geet vun der Mëllechkou bis hin zu Fleeschkéi, Schwäin, Hénger oder Klengdéieren. An engems weise mir wat een Alles u landwirtschaftleche Produiten hei am Land huet", esou de Marc Roeder.