Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Let's make it happen amplaz Let's hope it happens."

Héichleeschtungssport zu Lëtzebuerg

"Let's make it happen amplaz Let's hope it happens."

De Lëtzebuerger Staat investéiert 0,39 Prozent vu sengem Budget an de Sport. 70 Prozent dovu ginn an Infrastrukture gestach. Ganzer siwe Prozent ginn an den Nowuess- an an den Héichleeschtungsberäich. Dat si véier Milliounen Euro. "0,39 Prozent si lächerlech am Verglach mam Ausland, mir brauchen ee Prozent", seet de Raymond Conzemius, Direkter vum Sportslycée. Mat méi Sue kéint een dofir suergen, datt et de System ass, dee Resultater produzéiert, an net just den Zoufall.

auto_stories

4 min

Dat meescht Geld fir de Sport kéim vum Staat, seet de Raymond Conzemius. Fir et zilorientéiert anzesetze wier et wënschenswäert, wann de Staat zesumme mam Sports-Mouvement an enger gemeinsamer Struktur géif definéieren, no wéi enge Critèren d'Suen verdeelt ginn. Net just bei der Promotioun vun der Elite, mee och an der Ënnerstëtzung vun Nowuesstalenter. Déi koordinéiert Approche géif zu Lëtzebuerg feelen - anescht wéi an der Schwäiz oder an Dänemark, wou sech mat Swiss Olympic an Team Denmark esou Strukture bewäert hätten.

Institut fir Héichleeschtungssport

Bréngt de Luxembourg Institute for High performance in Sports (LIPHS) méi Kloerheet an déi vill Strukturen? Den Alwin de Prins, zanter engem Mount Direkter vum LIHPS, ass iwwerzeegt dovun: "De Sportler beschwätzt säi Konzept mam COSL, geet domat bei de LIHPS, an de LIPHS setzt et ëm." Säin Institut wier eng Zort "one stop shop", dee fir d'Athleten déi Servicer siche geet, déi si brauche fir virun ze kommen an international konkurrenzfäeg ze ginn.

Partner vum LIHPS sinn de Staat, de COSL an d'Société Luxembourgeoise de Médecine du Sport. De LIHPS schafft enk mat der Coque zesummen, an där en High Performance and Recovery Center entsteet. Am Beräich Recherche kënnt eng Collaboratioun mat der Sportfabrik zu Déifferdeng, soubal déi en Place ass.

De LIHPS ass eng kleng Struktur, déi nëmmen dräi Leit beschäftegt: Nieft dem Direkter sinn dat en Uspriechpartner a Saachen Dual career (Verbindung vu Sport an Ausbildung respektiv Beruffsliewen) an en Expert a Saache Strength and conditioning (physesch Preparatioun oder Konditiounstraining).

Berufflech Carrière a Sport

Op eng Hëllef am Beräich Dual career hätt si gär als Studentin zeréckgegraff, wann esou eng Offer deemools scho bestanen hätt, seet d'Charline Mathias, déi aktuell bescht Lëtzebuerger Mëttelstreckeleeferin. Op wéi enger Uni kann ech mäi Sport beschtméiglech mat menge Studie verbannen? Op wéi enger Plaz fannen ech déi Infrastrukturen, déi ech brauch? Oder en Trainer, dee bereet ass, mech ze iwwerhuelen a Collaboratioun mam Trainer doheem? Eng Äntwert op déi Froen hätt hir vill gehollef.

Den Interêt un där Offer, fir déi de fréiere Schwëmmer Laurent Carnol am LIHPS zoustänneg ass, wier grouss, confirméiert den Direkter Alwin de Prins. Besonnesch bei deene Sportler, déi net iwwer d'Sportsektioun vun der Arméi materiell ofgeséchert ginn. Dem Laurent Carnol seng Missioun beschreift hien esou: "Hie seet wat méiglech ass, stellt Verbindungen hir, suergt fir Kontakter a gëtt Rotschléi."

Kraafttraining

Deen drëtte feste Posten am LIHPS ass am Moment nach nëmme virleefeg besat. An enger éischter Phas, bis eng definitiv Léisung fonnt ass, gëtt op freelance Basis mam Däitsche Martin Zawieja zesummegeschafft, engem ausgewisenen Expert a Saache Strength and conditioning. An deem Beräich hätt Lëtzebuerg e rise Retard, seet de Raymond Conzemius. An d'Charline Mathias confirméiert: "Ech hu mäin éischte Kraafttraining mat ufanks 20 gemaach." Dat wier vill ze spéit gewiescht.

"Wa mir d'Analys maache, wat eis am meeschte feelt am Verglach mat der internationaler Spëtzt, ass et virun allem d'physesch Preparatioun" seet de Alwin de Prins. Dofir wollt de LIHPS aus deem Beräich och eng absolut Kär-Kompetenz maachen. Hautdesdaags misst dee Konditiounstraining quasi gläich gestallt gi mam techneschen an takteschen Training, behaapt de Frank Eicher. Hien ass Préparateur physique vu Formatioun an Associé bei LetzServ, enger Firma, déi Sportler Hëllef op verschiddene Pläng proposéiert, zum Beispill am Beräich Kraaft- a Konditiounstraining. De Gilles Müller zum Beispill géif grad esou vill Zäit am Kraaftraum wéi um Tenniscourt verbréngen.

Wichteg wier et och, fréi mat deem Training unzefänken "fir schonn a jonke Joren d'Techniken, déi ee léiere muss, ze beherrschen", sou de Frank Eicher. D'Charline Mathias verweist och nach op d'Wichtegkeet vun deem Training an der Präventioun vu Verletzungen.

Fazit vun der Diskussioun: Et deet sech eppes am Lëtzebuerger (Leeschtungs-)Sport a gläichzäiteg bléift nach vill ze dinn. De LIHPS wier geschafe gi fir d'Elite, seet den Alwin de Prins. Mee e ganz wesentlechen Aspekt vu senger Aarbecht géif dora bestoen, d'Wëssen, dat aus dem Ausland kéim oder hei generéiert géif, no ënne virun ze reechen. An do géif hien excellent Méiglechkeete fir eng Zesummenaarbecht zum Beispill mam Sportslycée oder och aneren Acteuren an der Jugendaarbecht gesinn.