Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir Indien: En neit Gesetz schaaft Onsécherheet

ONGen

Hëllef fir Indien: En neit Gesetz schaaft Onsécherheet

Déi indesch Regierung huet am Hierscht schonn e Gesetz adaptéiert, dat d'Finanzementer vun ASBLe reguléiert. Wat op den éischte Bléck wäit ewech kléngt, huet awer och Konsequenze fir Lëtzebuerger Organisatiounen, déi am Land aktiv sinn. Dat neit Gesetz gesäit zum Beispill vir, datt all Hëllefsorganisatioun op der Plaz ee Konto bei der State Bank of India muss hunn, fir Sue vun enger Partner-ASBL am Ausland dierfen ze kréien. Betraffen ONGen hei am Land maache sech Suergen, an och de Kooperatiounsministère schwätzt vun engem méigleche Risiko.

auto_stories

3 min

Aide à l'Enfance de l'Inde ass eng vun aacht Lëtzebuerger ONGen déi de Moment mat enger ganzer Rei Projeten an Indien aktiv sinn. Hir Direktesch Françoise Binsfeld erkläert, datt een d'Gesetzesännerung net gesinn hat kommen an datt een doduerch iwwer e puer Woche keng Suen hätt kënnen an Indien transferéieren.

Vun offizieller Lëtzebuerger Säit hätt et nach kee Blocage vu Fonge ginn an et gouf eng Transitiounsphas agefouert. Indesch ASBLen hu bis den 31. Mäerz dëst Joer Zäit fir ee Kont bei der State Bank opzemaachen. Trotzdeem sinn an der Tëschenzäit Projeten op der Plaz an d'Struewele geroden, sou d'Françoise Binsfeld. E weideren Impakt vum Gesetz wier nämlech, datt eng ONG déi Suen aus dem Ausland kritt, déi net méi lokal u Partner dierf verdeelen. Ënner déi Reegelung wieren och zwee Partner vun Aide à l'Enfance de l'Inde gefall, déi elo keng Aktivitéite méi kéinte maachen.

Source vun de Schwieregkeeten: E Gesetz géint Geldwäsch an Indien

Zesumme mat aneren ONGen huet Aide à l'Enfance en Inde sech un d'Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht geriicht fir do no Rot ze froen. De Manuel Tonnar, Direkter, seet "ongewéinlech wier et net", datt Indien sech gewësse Reegelen upasst och fir ze verhënneren, datt Fongen op der Plaz detournéiert ginn. D'Gesetz wier méi streng ausgefall, fir d'Lutte géint de Blanchiment an den Terrorismus ze verstäerken. "Do ginn et ebe Regulatiounen an all Associatioun muss ebe wëssen, vu wou komme seng Suen a wou gi se hinn."

Grouss Suerg bei villen ONGen

Trotzdeem gesäit de Manuel Tonnar och eng Gefor. Deemno wéi et géif applizéiert ginn, kéint d'Gesetz ee Problem ginn.

"D'Gesetz u sech ass relativ normal, gëtt et och an anere Länner, mee de Risiko ass eben do, datt et gebraucht gëtt fir verschidden ONGen déi dem Staat net sou passen, d'Aarbecht méi schwéier ze maachen. Dat ass ee Risiko, ech soen net datt dat an Indien sou ass, mee dat kéint ee Risiko sinn, an doduerch sinn ebe ganz vill ONGen ganz vill besuergt."

Wichteg wier elo, den Associatiounen op der Plaz ze hëllefen, fir sech der neier Legislatioun unzepassen, seet de Manuel Tonnar. D'Lëtzebuerger Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht ass am Kontakt mat der Ambassade an Indien, an och um europäeschen Niveau géif ee Suivi vun der Situatioun gemaach ginn. D'Françoise Binsfeld hofft, datt Aide à l'Enfance de l'Inde an den nächste Méint weider un hire Projete ka schaffen - ouni weider Schwieregkeeten. En attendant kuckt si, fir proaktiv un d'Saach erun ze goen. Deemno wéi misst een an Zukunft méi an dofir méi kleng Tranchen iwwerweisen. Fir Aide à l'enfance de l'Inde, déi schonn 53 Joer an Indien aktiv ass, wier et dramtesch, wann een net méi iergendwann an deem Land schaffe kéint.