Radioen

On air

Notturno  |  Selvagem - Tamanqueiro

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir stater Commercen

Wirtschaft

Hëllef fir stater Commercen

D'Stad Lëtzebuerg denkt iwwer zousätzlech Méiglechkeeten no, fir klenge Betriber, Commercen an der Restauratioun ënner d'Äerm ze gräifen, déi un der Kris riskéieren zu Gronn ze goen, sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Dat wat d'Stad scho konnt maachen, hätt se gemaach. Loyere wieren nogelooss ginn, et wiere keng Taxe verrechent ginn.

auto_stories

2 min

Direkt finanziell Ënnerstëtzungen dierft se keng ausbezuelen, well dat géint europäesch Reegele géif verstoussen. Dofir géif awer iwwer aner Léisungen nogeduecht ginn. Zum Beispill iwwer eng Plattform, wou d'Leit kënne Bonge kafe bei de Geschäfter, wou d'Stad Lëtzebuerg dann och en Deel géif dropleeën. Dat wier eng Manéier wéi verschidde Geschäfter sech kéinte liquide halen. D'Lydie Polfer mengt, datt dee Modell keng onerlaabt ëffentlech Hëllef wier.

Vum 25. Mee u sollen d'Kanner am Fondamental nees an d'Schoul goen. Fir datt déi néideg Distanz vu minimum zwee Meter an de Säll kann agehale ginn, wäerten d'Klassen an zwou Gruppen opdeelt ginn, déi eng Woch iwwer déi aner Cours gehale kréien. Fir dee Grupp, dee keng Schoul huet, soll en Accueil assuréiert ginn. An dat stellt d'Gemenge virun e grousse Problem, wéi d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert.

Besoin un zousätzleche Raimlechkeeten

D'Organisatioun vun der Rentrée an der Grondschoul wier fir d'Gemengen e seriöe Casse-tête, deen och nach net geléist wier, seet d'Lydie Polfer. D'Schwieregkeet géif dora bestoen, datt d'Klassen an zwou Gruppen opgedeelt ginn, A a B, déi eng Woch iwwer déi aner Schoul hunn.

"Dat alles wär och nach hinzekréien, mee wann niewendrun och nach muss de Foyer scolaire op sinn fir déi, déi am Grupp B sinn awer och an der Schoul ze empfänken, da gëtt et ganz, ganz enk ... an ech weess net, wéi mer dat kéinten hikréien."

"Et gëtt am Fong gefuerdert, datt een zweemol méi Säll huet", sou d'Buergermeeschtesch. Et kéint een aner Raimlechkeete bäizéien, och Sportinfrastrukturen a Centre culturellë wieren denkbar "mee dann huet een zum Beispill d'Sportsinstallatiounen net méi, wat awer och wichteg wier fir d'Kanner, déi awer elo eng ganz Zäit confinéiert waren, fir déi ze beschäftegen a mat hinnen Aktivitéiten ze maachen".

Eng aner Léisung wier déi, datt de Grupp B, deen net Schoul huet, datt deen nach doheem bleift. Mee dat géif da verlaangen, datt et de Congé pour raisons familiales och nach bis d'Enn vum Schouljoer géif ginn. Wat dann nees d'Aktivitéit vun aneren Entreprisen impactéiert. "Alles dat wäert nach alles an den nächste véier Wochen eng grouss Erausfuerderung ginn", esou d'Lydie Polfer.