De Policeminister betount, datt et trotz den Ausschreidungen um Samschdeg keng Blesséierter ginn wier.
De Perimeter gouf net agehalen
Virun allem fir virun Drëtten ze schützen war een Demonstratiounsperimeter definéiert ginn. Et hätt sech awer erausgestallt, datt Leit sech net un dëse Perimeter hätte wëllen halen an Onrou am Zentrum vun der Stad maache wollten, esou den Henri Kox.
De grénge Policeminister seet, de Choix vum Wasserwerfer wier hei berechtegt gewiescht. Och wann dat en neit Phenomen zu Lëtzebuerg wier, ass hien der Meenung, datt dat zur Deeskalatioun bäigedroen hätt: "et koum net zu direkte Konfrontatiounen tëschent den Demonstranten an der Police", esou den Henri Kox.
Wéi vill Polizisten de Weekend am Asaz waren huet de Henri Kox am Interview net am Detail gesot. Et wier awer no der Risikoanalys ee bewosste Choix gewiescht, um Sonndeg bei der sougenannter Marche blanche silencieuse manner staark present ze sinn.
Et gi sech weider Demonstratioune erwaart
Haut um Méindeg kënnt den Henri Kox mat de Responsabele vun der Police fir een Debriefing zesummen, do géifen dann och déi nächst Deeg virbereet ginn, sou de Minister.
Nach ass onkloer, wéi een Dispositif an Zukunft fir Manifestatioune wäert gëllen. Dem Policeminister säi Message ass weiderhin, datt et déi Demonstratiounsfräiheet géif ginn, mee datt d'Krawaller net acceptéiert géife ginn.
Dës Woch gëtt dat neit Covid-Gesetz gestëmmt, den Datum ass dem Chambersite no nach net definéiert. Mee och hei gi sech vun den Autoritéiten Demonstratiounen erwaart. "Do wäert wäert och den Dispositif entspriechend eropgesat ginn", esou den Henri Kox.
Och wat de Persouneschutz vum Premier Xavier Bettel ugeet géifen déi néideg Mesure getraff ginn, sou nach den Henri Kox weider, ouni Detailer wëllen ze nennen.