Radioen

On air

Kultur um 5  |  Future Islands - The Tower

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heroin-Substitutiounsprogramm Tadiam soll demnächst och zu Esch ugebuede ginn

Gesellschaft

Heroin-Substitutiounsprogramm Tadiam soll demnächst och zu Esch ugebuede ginn

Den nationalen Droge-Beoptraagten zitt, zesumme mat Jugend- an Drogenhëllef, ee positiven Tësche-Bilan vum Substitutiounsprogramm fir heroin-ofhängeg Leit. Et géif elo driwwer nogeduecht ginn, d'Offer op Esch-Uelzecht auszebauen, sot den Alain Origer de Moie virun der Press. Ronn een Drëttel vun de Beneficiairë vum Programm kommen aus dem Süden. Aktuell hu si zwee mol den Dag Rendezvous-vous an der Stad fir do Diacétyl-morphine a Pëlleform ze kréien.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zanter 2017 hu 66 Persounen de Programm genotzt, dräi véierels vun hinne sinn tëscht 40 a 60 Joer al. D'Leit déi de Programm notze wieren zefridden, sou den Drogebeoptraagten. En Deel vun hinnen hätt et gepackt fir hire Konsum vun haarden Drogen ze stabiliséieren, eng Wunneng ze fannen a sech vun der Zeen ewechzebeweegen.

Den Tadiam-Programm vun der Jugend- an Drogenhëllef soll weidergeféiert an ausgebaut ginn.

Duerch eng Dezentralisatioun wéilt een den Accès verbesseren an d'Behandlungskapacitéiten erweideren, seet den Drogen-Beoptraagten, den Dokter Alain Origer.

Well ronn een Drëttel vun de Betraffenen aus dem Süde kommen, soll d'Offer op Esch erweidert ginn. Am Moment géife schonn Demarche lafen fir eng geegent Plaz ze fannen.

D'Ëffnungszäiten sollen och adaptéiert ginn.

Een Deel vun de Leit packt et

Zanter 2017 hu 66 Leit um Tadiam Deel geholl. Dräi Véierel vun hinne sinn tëschent 40 a 60 Joer al. Een Drëttel geet enger Aarbecht no.

Ee bis zwee Mol am Dag hunn si Rendezvous-vous an der Stad fir do Diacetylmorphine, also pharmazeuteschen Heroin a Pëlleform, ze kréien. Duerchschnëttlech zwee Joer bleiwen déi Betraffen am Programm.

En Deel vun hinnen hätt et gepackt fir hire Konsum vun haarden Drogen ze stabiliséieren a sech vun der Zeen ewech ze beweegen, erkläert d'Julie Quintus.

Déi Responsabel fir d'Substitutiounsprogramm bei der Jugend- an Drogenhëllef sträicht als weider positiv Wierkung vum Traitement ervir, datt d'Stabilitéit, de Rhythmus an de Kader, deen d'Leit gesat géife kréien, hinne géifen hëllefen.

"Et sinn, wéi ech ëmmer soen, et si keng Bonbonen, déi mir do verdeelen. Dat heescht et ass e kloren Kader mat kloren Reegelen. Si mussen sech un d'Saachen halen an si mussen dat ëmmer ofschwätze mam Dokter, wat hiren Dosage ubelaangt."

D'Zil wier eng Reintegratioun an d'Gesellschaft

D'Participatioun um Tadiam géif de Gesondheetszoustand vun de Betraffene verbesseren, ma och villen erlaben erëm Uschloss am Familljen- a Frëndeskrees ze fannen, esou nach d'Julie Quintus.