Radioen

On air

Espresso Beats  |  David Holmes & Raven Violet - Necessary Genius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hesper Detournement: Optakt vum Prozess

Justiz

Hesper Detournement: Optakt vum Prozess

De Mëttwoch de Moien ass et den Optakt vun engem Prozess ëm zwee fréier Gemengebeamte vun Hesper. Si solle jorelaang Gelder ënnerschloen hunn.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Mat manipuléierte Rechnungen a Virementen op eege Konte sollen déi zwee Beamte wärend bal 20 Joer Geld ënnerschloen hunn, ouni datt dat iergend engem op der Hesper Gemeng opgefall wier.

Ronn 3,2 Milliounen Euro sinn op déi Aart a Weis an déi eegen Täsche gefloss, zesumme mat konfiskéierten Immobilie beleeft sech déi ganz Schuedenssomm awer op ronn fënnef Milliounen. 2019 ass de ganze Montage opgeflunn nodeems e Virement vun enger Assurance ni bei der Gemeng ukomm war.

Och d'Fro no Faillen am System ass een Theema

Den Haaptbeschëllegte war vis-à-vis vum zoustännege Regierungskommissär séier gestänneg an d'Gemeng huet eng Plainte agereecht. Deenen zwee Beschëllegten an enger drëtter Persoun, engem Entrepreneur gi Fälschung, Bedruch, Geldwäsch a Verontreie vun ëffentleche Gelder virgeworf.


Erklärunge vum Jacques Ganserplay_arrow


Am Raum steet bei dësem Prozess awer net nëmmen d'Fro vum System an der krimineller Energie mat dem déi Beschëllegt virgaange sinn, mee och wéi et iwwerhaapt konnt méiglech sinn, datt zwee Beamten iwwer 20 Joer laang ëffentlech Gelder vu enger Gemeng kënnen ënnerschloen, ouni datt dat iergend engem opfält.

D'Fro vun der politescher Responsabilitéit soll och gekläert ginn

D'Gemeng Hesper hat ënnert dem CSV-Buergermeeschter Marc Lies 2019 en Audit bei PWC an Optrag ginn, fir Schwaachstellen opzedecken. De Rapport gouf 2020 fäerdeg gestallt, d'Gemeng Hesper huet awer refuséiert dat Dokument ëffentlech ze maachen, dat ma Verweis op déi lafend Instruktioun an d'Perséinlechkeetsrechter.

No enger Plainte vun der Organisatioun Stop Corrupt huet d'Verwaltungsgeriicht elo decidéiert, datt den Audit soll verëffentlecht ginn, well d'Instruktioun ofgeschloss ass. Just d'Nimm vun de Leit déi genannt ginn musse geschwäerzt ginn. D'Oppositioun zu Hesper huet schonn en zweeten Audit gefuerdert. Dobäi soll et och ëm déi politesch Responsabilitéit goen. Déi kéint och wärend de véier Prozessdeeg een Theema ginn.