Hoffmann: COSL huet a brauch kee Kontrollorgan

De President vum “Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois” bedauert, dass um Kongress eng onsachlech Debatt iwwer d’Ofschafe vum Conseil Consultatif gefouert gi wier. Dat Organ hätt keng Kontrollfunktioun a géif fir déi benevol Membere just  onnéidegen Opwand bedeiten, sou den André Hoffmann. De Vote gouf op de Kongress d’nächst Joer verluecht. De COSL-President seet sech optimistesch, dass dat konsultativt Organ deen Ament ofgeschaf ka ginn.

Um Kongress gëschter zu Zolver huet den André Hoffmann och kritiséiert, dass d’Regierung bis ewell nach keng grouss Efforte gemaach hätt fir ze hëllefen dat neit Sportkonzept ëmzesetzen.

Aner wichteg sportpolitesch Dossieren dëst Joer sinn d’Spuermesurë beim Médico-sportif a bei de Chèques-servicë fir Sport-Aktivitéiten. A béide Fäll missten d’Detailer nach gekläert ginn, sou den André Hoffmann.

Den Interview vum Pia Oppel mam COSL-President:

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Noriichten

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen