Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Homophoben Énoncé: D'Bicher sollen zeréckgezu ginn

Educatioun

Homophoben Énoncé: D'Bicher sollen zeréckgezu ginn

Den Educatiounsministère distanzéiert sech vum Énoncé aus engem Mathesbuch aus dem Secondaire, an deem zwee Jonge mat den Nimm Xavier an Etienne eng Kummer rosa usträichen. D'Aufgab hätt ursprénglech zwee Meederchersnimm enthalen, gouf 2015 awer vun engem Aarbechtsgrupp - an deem och Proffe vertruede waren - ëmgeännert.

auto_stories

2 min

Vum Educatiounsministère heescht et, den Aarbechtsgrupp hätt bewosst versicht, homophob Stereotyppen ze transportéieren, andeems si d'Virnimm vum Premier a Vize-Premier an den Énoncé ageschafft hätten. "Mir soen, datt mir déi Ännerungen, déi do gemaach goufen condamnéieren, eis dovun absolut distanzéieren, datt et mauvai goût ass, an och onprofessionell an der Aart a Weis virzegoen," esou de Lex Folscheid, éischte Conseiller um Educatiounsministère:

Fir d'Nimm ze Änneren hätt den Aarbechtsgrupp sech direkt un den Editeur an der Belsch geriicht. De SCRIPT, den zoustännege Service um Ministère fir d' Entwécklung vum Schoulprogramm, hätt 2015 näischt vun der Ännerung matkritt, esou de Lex Folscheid. Dat wier - reng rechtlech - och an der Rei gewiescht. Haut wier dat awer anescht: "Mir hunn dat ofgeännert, schonn am Ufank 2016, well mir do méi ee grousse Kontroll wollten driwwer hunn a mir hunn dat dunn iwwer d'SCRIPT-Gesetz 2017 mat der Schafung vun engem Departement vun de Matériels didactiques strukturell geännert".

D'Proffe si mëttlerweil an der Pensioun

Esou e Verhale wier inakzeptabel a misst Konsequenzen no sech zéien. Déi verantwortlech Persoune wieren awer an der Tëschenzäit an der Pensioun, sou de Lex Folscheid. Donieft sinn d'Faiten, dem Fonctionnairesstatut no, verjäert. "Dee gesäit eigentlech vir, datt ee fir all Fait, dee méi wéi dräi Joer al ass, keng Affär méi ka maachen. Mir mussen dofir leider feststellen, datt de Statut vum Fonctionnaire hei statutéiert, datt déi Faiten hei verjäert sinn", seet de Beamten.

Um Ministère géif een elo mat Héichdrock dru schaffen, datt déi aktuell Editioun vum Mathesbuch zeréckgeruff a fir d' Rentrée duerch eng adaptéiert Versioun ersat géif. An enger Question parlamentaire hat den LSAP-Deputéierte Franz Fayot op den Énoncé opmierksam gemaach.