Radioen

On air

De Moien  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hope for the best, prepare for the worst

No Deal? Ekonomesch Akteure reagéieren

Hope for the best, prepare for the worst

Der Ekonomie ass d'Perspektiv vun engem Brexit vun Ufank un en Dar am A gewiescht. En haarde Brexit, also en Austrëtt vu Groussbritannien aus der Unioun ouni en Deal, mécht de wirtschaftlechen Acteuren nëmmen nach méi Kappzerbrieches. An awer musse si sech wuel lues awer sécher domat offannen, datt et dozou komme kéint.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / eamesBot

"D'ABBL reagéiert, mee net am Toun. Si schéckt dëse schrëftleche Statement vum Direkter Serge De Cillia:

"D'ABBL hëlt d'parlamentaresch Oflehnung vum Brexit-Accord tëschent der EU a Groussbritannien zur Kenntnis. Et ass elo noutwendeg, déi konkret national Mesurë séier gewuer ze ginn, fir datt d'britesch Salariéen zu Lëtzebuerg an Entreprisen, déi a Geschäftsrelatioune mat Groussbritannie stinn, Kloerheet kréien. Et ass essentiell, datt d'Virbereedunge fir en haarde Brexit kënnen ofgeschloss ginn."

Dee Statement vum Bankeverband ka wuel all Patronatsvertrieder, deen de près ou de loin vum Brexit betraff ass, matdroen. Et ass en Appell un den nationale Legislateur, deen also opgefuerdert gëtt, d'Gesetzer op de Wee ze bréngen, déi - sou wäit dat méiglech ass - d'Froe beäntweren, déi en haarde Brexit opwerfen.

Et kléngt esou, wéi wann d'Banquiere sech mam Austrëtt ouni Deal offonnt hätten. Bei der Industrie ass d'Hoffnung nach net ganz gestuerwen. De FEDIL-Direkter René Winkin widderhëlt och den Appell, mat deem Business Europe, d'Daachorganisatioun vun den europäeschen Industrieverbänn de Mëttwoch erausgaangen ass. Déi britesch Säit soll fir d'éischt konstruktiv Iddien äusseren, dono wier et dann un deenen zwou Säite fir ze probéieren, awer nach en Deal ze fannen.

"Well dat ass wierklech extrem wichteg fir d'Betriber, datt déi Sortie preparéiert ass, an datt eben déi Transitiounsphas, wéi se virgesi war, an deem Deal hei och ka spillen", sou de René Winkin.

Hope for the best, prepare for the worst

Déi kleng Hoffnung op "awer nach en Deal" hält d'Verbänn net dovun of, hire Memberen an der Tëschenzäit eng Informatiouns- a Berodungsoffer ze maachen, fir de Fall vun "awer kengem Deal". D'Chambre de Commerce proposéiert hire Memberen ufangs Februar e Konferenzzyklus ënner der Iwwerschrëft "Prepare for Brexit". Dee riicht sech net u gréisser Betriber, déi Business mat Groussbritannie maachen. Well déi, sou de Carlo Thelen, de Generaldirekter vun der Handelskammer, déi wäre preparéiert.

Och fir déi méi grouss Betriber géif dat net einfach ginn, mee et misst een elo virun allem méi kleng Betriber ënnerstëtzen, "déi vläicht indirekt betraff sinn, doduerch, datt si vläicht mat Fournisseuren oder Tëschenhändler schaffen, déi selwer mat englesche Betriber schaffen, déi kënne concernéiert sinn."

"D'Finanzwelt ass gutt preparéiert"

A wéi ass et mat deene briteschen Acteuren, haaptsächlech aus dem Finanzberäich, déi zënter dem Brexit-Referendum 2016 scho Büroen hei opgemaach hunn? Wat bedeit dee Vott vu gëschter fir si? Am Fong näischt, erkläert den Nicolas Mackel, de CEO vu Luxembourg for Finance.

D'Finanzwelt hätt sech drop preparéiert, datt se hir europäesch Clienten nom 29. Mäerz 2019 net méi vu London aus bedénge kann. Dofir wiere Presenzen zu Lëtzebuerg, Dublin, Frankfurt, Amsterdam a Paräis opgemaach ginn. "Dat heescht, si hunn dat Schlëmmst virbereet an awer dat Bescht gehofft. Wann elo en No Deal kéim, wat ech nach ëmmer net mengen, da si si bereet."

Bei deenen Acteuren, déi elo schonn zu Lëtzebuerg sinn, ass (oder wier) déi spannend Fro also éischter déi: Wéi reagéieren a wat maache si, wann et ni zu engem Brexit komme sollt? Should I stay or should I go? Soll ech bleiwen oder awer nees goen?