Radioen

On air

De Weekend  |  Wuert von der Woch: Dekadenz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Horeca: "Mir ginn am Ree stoe gelooss"

Corona-Pandemie

Horeca: "Mir ginn am Ree stoe gelooss"

Den Horeca-Secteur fäert ëm seng Zukunft. D'Caféen, d'Restauranten, an d'Diskoe bleiwen elo mol bis Enn des Mounts zou: si sinn am Ongewëssen, wéi et weidergeet. An obwuel et ee vun de Secteuren ass, dee bis ewell am meeschten ënner der Pandemie gelidden huet, wëlle si net opginn.

auto_stories

6 min

"Wann een elo hei an de Café rageet, da gesäit een, d'Still sinn erop, et ass alles aus... jo. Et ass ee Café, deen zou ass. Et ass een trauregt Bild. "

De Marc Rauchs kann a gudden Zäiten a sengem Café mam Party-Keller bis zu 140 Clienten empfänken.

De Marc Rauchs a sengem Café.

Elo notzt hien d'Zäit fir sech op déi nächst Saison, déi hoffentlech kënnt, ze preparéieren: "Vläicht kann een nei Menüen maachen, de Keessesytem à jour setzen, Reparaturen, Comptabilitéitsaarbechten..."

Sozial Kontakter gi verluer

Beim Alain Hoffstetter zu Bieles am Restaurant schellt den Telefon: "Jo, fir är Commande, ech notéieren..."

Den Alain Hoffstetter

Hei huet een d'Zäit vun den zwee Lockdowns genotzt fir d'Stammclientë mëttes an owes ze bekachen. Den Alain Hoffstetter ass frou iwwer dee grousse Support vu senger Clientèle, mee och fir si wier et eng deprimanten Zäit. Fir verschiddener wier den Duerfbistro déi eenzeg Plaz fir mat Leit a Kontakt ze sinn.

"Mir hu Leit, déi ruffen eis un, déi loossen sech dann eppes liwweren, da kennt ee bei si a si soen: 'Oh hei, wëlls du net eng hallef Stonn hei mat mir setze bleiwen, mat mir eppes Klenges drénken. Ech hu kee Mënsch méi'."

Stëmmung am Secteur ass bedréckt

Anescht wéi nach am Mäerz, géif et eng méi grouss Ongewëssheet ginn, wéini de Secteur seng Dieren nees kéint opmaachen, seet de Marc Rauchs.

"Wou mir am Mäerz zougemaach goufen huet jiddweree gesot, Aarm erop, dat musse mir matmaachen, dat dauert elo eng Zäitchen, an herno ware mir e bëssen iwwerrascht - wéi jiddwereen - datt dat esou laang gedauert huet."

Een oder zwee Méint kéint jiddweree packen, mee iergendwann géif een hëlleflos ginn. "Dann op eemol ginn d'Fongen eidel, an et weess een net méi wou ugräifen."

E finanzielle Spagat

Fir d'Diskoe wieren d'Perspektiven nach méi däischter, erkläert den Dan Crovisier, Patron vun engem Club a Clausen.

D'Diskoe wier dat lescht wat géing opgoen. "Bis d'Leit rëm kennen danzen a sech fräi beweegen, esou wéi et fréier war. Bis mir do ukomm sinn... do ass d'Fro, ass dat iwwerhaapt nach dëst Joer. "

Et bräicht een onbedéngt méi Hëllefen.

De Pit Weber

De Cashflow wier effektiv dee gréisste Problem, seet och de Pit Weber, Patron vun engem vegetaresche Restaurant an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch.

"Einfach déi ganz Suen déi rakommen, Suen déi nees musse rausgoen. Aiden, op déi ee waart. Mir hu verschidden Aiden, déi méi réischt bis Oktober kruten, dat heescht, et ass ab November, wou alles feelt, wou een alles muss mat Reserve virstrecken. An déi Reserven, déi ware scho quasi um Null nom éischte Lockdown an elo mam zweete Lockdown ass dat natierlech ganz komplizéiert."

De Restaurant zu Esch, dee manner wéi ee Joer op ass, géif och an eng Kategorie falen, wou ee guer net fir finanziell Hëllefen eligibel wier.

Méi Ënnerstëtzung vum Staat gefuerdert

Bei de verschiddene finanziellen Hëllefe géif et och Retarde ginn, bedauert de Jean-Claude Colbach, deen eng ganz Partie Nuetsbaren am Zentrum besetzt.

"Ech stellen dann einfach emol déi Fro, wisou bezilt de Staat de Chômage esou schlecht. Huet de Staat wierklech d'Meenung, datt mir esou vill Trésorie op der Säit hunn, datt mir déi Suen esou laang kënne virstrecken?"

Vill kleng Caféen hätten dem Jean-Claude Colbach no net d'Vertraue vun de Banquieren hunn a Sue geléint kréien. Doduerch wäerte vill Etablissementer mussen zou maachen.

Konkret Zuelen dozou ginn et allerdéngs nach keng. D'Onsécherheete géifen och eng Rei Salariéen ofschrecke weider am Secteur ze schaffen, observéiert de Jean-Claude Colbach, Grënner vun der ASBL "Don't forget us".

"De Staat huet mir meng Aarbecht geholl"

De Staat misst seng Responsabilitéit iwwerhuelen, fuerdert hien:

"De Staat huet mir meng Aarbecht geholl, huet esou ville Leit an eisem Secteur seng Aarbecht geholl. Dofir muss en dann och kennen opkommen. An dann ass et net fir ze soen: 'Mir ginn Iech Hëllefen, mir maachen hei ee klenge Chômage partiel, mir maachen do eng kleng Aide à la relance'. Nee, da muss de Staat fir déi Decisiounen seng Responsabilitéit iwwerhuelen an da muss en den integrale Loyer bezuelen, integral Fraise bezuelen."

Et géif ee sech am Ree stoe gelooss fillen. D'Gefill, datt den Horeca-Secteur ongerecht behandelt gouf, bleift bei all den Acteuren am Kapp. Zanter engem Joer géif een Dag fir Dag ouni kloer Perspektive liewen.

D'Realitéit, wéi vill Etablissementer aus dem Secteur wéi staark getraff goufen, géif ee réischt an den nächste 6 Méint gesinn, seet de Pit Weber.

Am Fall wou d'Situatioun sech verschlëmmert, géif keng aner Méiglechkeet méi ginn, wéi op d'Strooss ze goen, esou de Jean-Claude Colbach.