Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Horesca: Et feelt un Aarbechtspersonal

Horesca

Horesca: Et feelt un Aarbechtspersonal

Am Secteur vun den Hotellen a Restaurante feelen zu Lëtzebuerg am Moment ronn 1.000 Aarbechtskräften, seet de Generalsekretär vum Branchëverband Horesca. De François Koepp gesäit verschidde Grënn fir dëse Personalmangel.

auto_stories

2 min

De François Koepp ass Generalsekretär vun der Horesca

Lëtzebuerg hätt zwar d'Chance, datt de Maart weider géif wuessen, sou datt een ëmmer méi Leit hätt, déi heihi schaffe géife kommen, déi sech och restauréiere loossen, mee d'Schoule géifen net genuch Personal ausbilden.

"Do derbäi kënnt, datt net méi genuch Leit sech fir e Beruff am Horesca Secteur intresséieren. Obwuel ech vun hei aus soe kann, et huet e liewenslaang eng Aarbecht."

AirBnB: "Eng onfair Konkurrenz"

D'Locatioune vun Zëmmeren a Wunnengen iwwer d'AirBnB Plattform missten och zu Lëtzebuerg gesetzlech reglementéiert ginn, fuerdert de François Koepp. Haut géif et och ëmmer méi Professioneller, déi ganz Haiser iwwer AirBnB verlounen an den Hotellen eng onfair Konkurrenz géife maachen.

Dat hätt och en negativen Afloss op de Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg. Och wann AirBnB nëmmen e puer honnert Wunnenge géif ausmaachen, géifen och dës Wunnengen net dem Marché zur Verfügung stoen, wat d'Wunnengspräisser weider géif an d'Luucht dreiwen. Dofir misst een dem François Koepp no "intelligent reglementéieren", andeems ee sech u Léisungen am Ausland orientéiert. Zum Beispill kéint een och zu Lëtzebuerg, sou wéi an aner Stied, d'Verloune vun enger Wunneng op AirBnB op 90 Deeg pro Joer limitéieren, sou de Generalsekretär vun der Horesca.

Fir AirBnB-Locatioune géif et praktesch keng Oploen, et misst zum Beispill keng Fiche de Sejour gemaach ginn. Am Kontext vun der Terrorismusbekämpfung misste fir Leit, déi Wunnengen iwwer AirBnB verlounen, awer déi selwecht Oplage gëllen, wéi fir Hotellen, fënnt de François Koepp.

Hotellen iwwer Land hunn et méi schwéier

D'Vakanz ass mëttlerweil deck am Gaang, an trotzdeem wier et nach ze fréi fir e Bilan vun der Touristesaison ze zéien. D'lescht Joer waren d'Lëtzebuerger Hotellen zu 74 Prozent ausgelaascht.

Dësen Taux wier am europäesche Verglach eng ganz gutt Leeschtung, seet de François Koepp. Et wier och net esou, datt all d'Hotellen esou eng Auslaaschtung hätten. Virun allem Betriber "iwwer Land" hätten et méi schwéier, fir esou Iwwernuechtungszuele kënnen ze schreiwen.

"An ech mengen datt den Zentrum an d'Stad et - ech well net soen et méi einfach hunn - mee si hunn eng aner Clientèle, sou datt sech doraus besser Tauxen erginn, dat ass ganz kloer", sou den Horesca-Generalsekretär.

Am Horesca Secteur zu Lëtzebuerg schaffe ronn 20.000 Leit an 2.900 Betriber - Hotellen, Restauranten a Caféen.