Nach ass et relativ roueg am Hitch um Lampertsbierg. Mee de Gérant Nico Heinen freet sech op de leschten Owend virun der Fermeture.
"Am Moment ass e bëssen eng Stëmmung wéi beim letzten Abendmahl, mee et ass och d'Geleeënheet fir nach eemol ee richteg flotten Owend mat eise Gäscht ze verbréngen."
Den Owend gëtt et nach eemol voll am beléifte Club a Restaurant.
Am Hitch ass éischter wéineg ze spiere vun der Dramatik, déi den zweete Lockdown fir de Secteur bedeit, wann een zum Beispill d'Aussoe vun der Horesca-Federatioun héiert. An dat obwuel vun haut u fir dräi Woche komplett zougemaach gëtt, an d'Personal no der Hierschtbotz, dem Inventaire an de Chômage partiel geet. Datt den Hitch zu de méi bekannte Playere gehéiert an Deel vun engem grousse Grupp ass, hätt näischt domat ze dinn. Den Nico Heinen seet: Et ass den Optimismus, dee sech bezuelt mécht.
Et misst een dat Bescht draus maachen a probéieren fir net de Kapp hänken ze loossen, well dat sech géif op d'Clienten an op d'Ekipp iwwerdroen. Dat wier a sengen Aen e grousse Feeler.
Entretien vum Gebai maachen an innovativ ginn
Änlech ass d'Astellung am Gudde Wëllen an der Uewerstad. De Club, deen an normalen Zäiten nieft Party vu Concerten an anere Kulturevenementer lieft, probéiert och dës Kéier aus de kommende Wochen dat Bescht erauszehuelen.
Wéi am éischte Lockdown géif ee probéiere fir alternativ Weeër anzeschloen, d'Gebai a Schoss ze halen, an et hätt ee rezent Merchandise erausbruecht.
Dobäi kënnt, esou de Gerant, datt de Gudde Wëllen virun der Kris finanziell zolidd do stoung, an datt de Summer dank der Terrass trotz allem gutt ausgefall ass. Et konnt ee Suen op d'Säit leeën, mee och dat ass net alles. Och wann de Chômage partiel géif hëllefen, géifen d'Récklage séier ewechschmëlzen duerch fix Käschte wéi de Loyer.
"Wann déi Kris net vill méi laang dauert, wéi geduecht, dat wäerte mir et packen. Mee ech denken, datt vill aner Kolleegen, deenen hir Situatioun virun der Kris scho prekär war, fir déi ass et natierlech den Horror."
Eduardo Cuesta: "Ech hoffen, datt mir et packen"
Den Eduardo Cuesta bedreift d'Pizzeria Tre Chiavi um Lampertsbierg vis-à-vis vum Jongelycée. Virun eppes méi wéi engem Joer huet hien opgemaach - vill Zäit fir sech een Numm ze maachen hat hien nach net. Op d'Fro, ob hien a seng Ekipp et wäerte packen, äntwert hien:
"Ech hoffen, jo. Ausser et gëtt nach ee Confinement oder eng Verlängerung, mee op d'mannst wësse mir, datt de Staat eis vill hëlleft, anescht wéi an anere Länner."
Déi nächst dräi Woche mécht den Tre Chiavi net ganz zou. Cliente kënnen d'Plate liwwere loossen oder op d'Plaz siche kommen. Den Eduardo Cuesta hofft, datt seng gutt Lag wäert hëllefen. Hien hofft, datt weider Schüler an der Mëttesstonn Plate siche kommen, an datt den Teletravail sech net ze negativ op d'Geschäft wäert auswierken.
Tëschent Suerg a Genoss
E bësse méi wäit huet d'Brasserie Theaterstuff seng Diere fir den Owend grad opgemaach. Zwee Clientë si schonn do. De Pedro zerwéiert - déi nächst dräi Wochen ass och hien am Chômage partiel. Mee dat mécht him manner Suergen, wéi de gesellschaftlechen Impakt vun der Kris.
"Et ass schlëmm, well d'Leit méi fäerten ënner sech. Souguer mir d'Serveuren, mir gesinn, datt d'Leit méi reservéiert sinn a fäerten sech ze mëschen."
Dovun war ënner de Clienten, déi gëschter ënnerwee waren, allerdéngs nëmmen zum Deel eppes ze spieren. Hei war et éischter d'Devise: nach eemol den Owend genéissen.