Provokatioun wier elo kontraproduktiv - dat seet de Premier op d'Fro, mat wéi enger russescher Reaktioun hie rechent, wa Finnland a Schweden elo NATO-Membere ginn.
Hien erënnert sech un ee Gespréich dat hien nom Ufank vum Krich mam Vladimir Putin hat. Do sot deen, hie géif am Fall vun engem Bäitrëtt vu Finnland a Schweden "sou vill Militär géif op d'Grenze setzen, op russescher Grenz, wéi mir der an Europa hätten". Dat wier dem russesche President säi Recht, seet de Lëtzebuerger Premier, "esoulaang et bei Opstellunge bleift".
Ee Wëlle fir iwwert een Enn vum Krich an der Ukrain ze verhandelen, géif een den Ament net bei Russland gesinn, bedauert de Xavier Bettel. Een Zesummeréckele vu Russland a China gesäit hien iwwerdeems als eng reell Gefor: "Mir mussen evitéiere fir dass China an d'Russe sech an d'Ärem falen".
Kee Drock vun der Nato op Lëtzebuerg
Um NATO-Sommet zu Madrid huet de Premier ugekënnegt, datt Lëtzebuerg vun 2028 un ee Prozent vum PIB an d'Defense wëllt investéieren. Gëtt et bei der NATO Drock nach méi ze maachen? De Xavier Bettel seet, hien hätt kee gespuert. D'Nato-Partner hätte verstanen, datt een Invest vun enger Milliard "een Effort ass, dee riseg ass", wann ee just eng Arméi vun 1000 Zaldote huet.
Lëtzebuerg wier am gaangen zousätzlecht Militärmaterial fir d'Ukrain ze bestellen: "Mir kafen dat wat se brauchen", seet de Xavier Bettel.