Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - L'Addio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hu Refugiéë Mënscherechter?

Fräie Mikro

Hu Refugiéë Mënscherechter?

An hirem Fräie Mikro beschäftegt sech Danielle Igniti mam Problem vun de Refugiéen, déi géint hire Wëllen an hiert Land zeréckgeschéckt ginn. Si freet sech, ob déi Reegelen, déi hei applizéiert ginn, de Mënscherechter gerecht ginn?

auto_stories

3 min

Fir d'Danielle Igniti mussen d'Mënscherechter iwwer allen anere stoen. Foto: Archiv.

​Kierzlech ass een erëm gewuer gi vu Matbierger a Matbiergerinnen, déi sech engagéiere fir de Refugiéen hei am Land ze hëllefen, datt zu Lëtzebuerg refugiéiert Familljen zeréck mussen an hiert Land. Sou zum Beispill Famillje mat Kanner, déi zeréck geschéckt ginn an d'Ukrain. Si gehéieren der russescher Minoritéit un ouni prorussesch ze sinn. Si si geflücht virum Krich, wéinst der russescher Annexioun vun der Hallefinsel Krim, deen iwwer 10.000 Doudeger verursaacht huet.

"Doheem ass eppes anescht"

Fir d'Lëtzebuerger Decideuren huet sech d'Situatioun an der Ukrain geännert. De Porochenko huet am Dezember d'loi martiale opgehuewen, an anscheinend sinn och Mësshandlungen an d'Traumaen, déi d'Bombardementer bei de Kanner verursaacht hunn, keng Persecutioun an den Ae vun deenen, déi hei d'Entscheedungen huelen. Et ass alles am Botter, gitt erëm heem.

Mee doheem ass eppes anescht! Doheem ass keng Plaz, wou ee weder vun den Ukrainer nach vun de Russen unerkannt gëtt, wou ee keen Haus méi huet well et bombardéiert ginn ass, wou Eltere Prisong riskéieren an d'Kanner descolariséiert ginn.

Humanismus gëtt awer net grouss geschriwwen

Et huet en d'Gefill, datt do e Beamte moies an de Büro kennt, eng Lëscht aus dem Tirang hëlt an ukräizt, senge Reegelen no, deenen um Pabeier, déi mat der Realitéit a mat Humanismus näischt méi ze dinn hunn, wien hei net méi gedult ass.

Den Humanismus schreift den zoustännege Minister sech zwar op de Fändel, mee seng Direction de l'immigration ass anerer Meenung. Si schéngt d'Genfer Konventioun, déi stipuléiert, datt mir d'Sécherheet vun deene Léit, déi mir deboutéieren, musse garantéieren, net à la lettre ze huelen. Et ass hir och egal, wéi d'Léit sech hei dru ginn hu fir sech z'integréieren.

Geet et eis doduerch besser?

An et freet ee sech, ob een dann iwwerhaapt d'Recht huet de Leit einfach hir Hoffnung ze huelen, d'Chance fir hir Kanner an anstännege Konditiounen ze erzéien an hinnen eng besser Zukunft ze sécheren.

Et freet ee sech och, ob et eis Lëtzebuerger besser geet, wann eng, zwou oder dräi Familljen zeréckgeschéckt ginn. Hu mir doduerch eng Wunneng méi, eng Aarbechtsplaz méi, e bessert Liewen, méi Loun, méi Fräizäit? Nee, un eisem Liewen ännert sech näischt.

Mënscherechter stinn iwwer allem

Wann et just eng Saach vu Prinzip ass, well Regele Regele sinn, an Ofkommes Ofkommes, dann dierf een awer net vergiessen, datt d'Mënscherechter och eng Reegel musse sinn, déi an der Hierarchie iwwer allen anere misst stoen.

Datt Hospitalitéit, Verständnis an Empathie Wäerter sinn, iwwer déi mir eis dach awer net sollen ewechsetzen. Mir sollen se am räiche Lëtzebuerg, wou mir matverdéngen un de Konflikter, déi d'Léit flüchten dinn, héich halen, mindestens esou héich wéi eise Fändel.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.

Umierkung:

An enger éischter Versioun vum Artikel stoung: "Si si geflücht wéinst dem Krich an der Krim, deen iwwer 10.000 Doudeger verursaacht huet." Dëse Saz gouf ersat duerch: "Si si geflücht virum Krich, wéinst der russescher Annexioun vun der Hallefinsel Krim, deen iwwer 10.000 Doudeger verursaacht huet."