Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Humanitär Hëllef am Kräizfeier

Syrien

Humanitär Hëllef am Kräizfeier

A Syrien gëtt géint humanitäert Recht verstouss, seet den Direkter vu CARE-Lëtzebuerg. Dem Frédéric Haupert no géif de syresche Regime dat méi systematesch an aggressiv bedreiwe wéi d'Oppositioun. Et wier eng Erausfuerderung fir a Syrien u sécher Informatiounen ze kommen. D'Bild dat westlech Medie vu Syrien zeechnen, géing sech gréisstendeels mat den Informatioune vun eegenen Informanten decken.

auto_stories

3 min

Frédéric Haupert

Zanter sechs Joer herrscht Krich a Syrien. Déi aktuell Friddensinitiativ misst een zweckoptimistesch ugoen, seet de Frédéric Haupert. "Et muss een all Friddensinitiativen eng Chance ginn."

Syrien wier eng vun den erausfuerdernste Krise mat där ONGe bis elo ze kämpfen haten. D'Aarbecht um Terrain misst regelméisseg ugepasst ginn, well d'Situatioun séier ännert. Et bräicht een innovativ Léisunge fir de Leit a Syrien an an de Nopeschlänner ze hëllefen. Dräi Millioune Mënsche goufe bis elo vu CARE a Syrien erreecht, seet de Frédéric Haupert. Nieft der Stad Aleppo wieren och bis zu 800.000 Mënschen a 17 anere syresche Stied am Süden op ganz dréngend Hëllef ugewisen. Sechs Millioune Mënsche sinn a Syrien op der Flucht, vill wäre scho puer mol verdriwwe ginn.

De Challenge vun der sécherer Informatioun

Fir kënnen ze schaffe mussen ONGen op der Plaz u sécher Informatioune kommen. Dat wier eng Erausfuerderung. Wéi aner ONGen och huet CARE keng international Mataarbechter a Syrien. Iwwert lokal Mataarbechter kritt d'ONG Informatiounen. Déi Partner misste genee analyséiert an hir Informatiounen iwwerschnidde ginn. "Et muss mat Triangulatioun geschafft ginn", seet den Direkter vu CARE-Lëtzebuerg. Dobäi kënnt d'Zesummenaarbecht mat aneren internationalen ONGen.

An de westleche Medie géing et keen eenheetlecht Bild vun der Situatioun a Syrien ginn. Vun der Tendenz hir géing awer dat Bild, dat déi westlech Medien iwwert de Konflikt zeechnen, deem vun de Partner op der Plaz entspriechen. Fir Aleppo géifen déi lokal Partner eng nach méi dramatesch Situatioun beschreiwen, wéi déi westlech Medien.

Wann een déi aktuell Informatiounssituatioun iwwert Syrien mee generell kuckt, kéint een denken, datt all Informatioun relativ ginn ass, fënnt de Frédéric Haupert. Esouguer Krichsverbrieche wiere relativ ginn.

"Humanitär Hëllef gëtt kriminaliséiert"

"A Syrien schaffe mir an engem Kontext, wou humanitär Hëllef net nëmmen direkt vun de Konfliktparteie cibléiert gëtt, mee och kriminaliséiert gëtt", seet den Direkter vun CARE-Lëtzebuerg. All lokal Partner vu CARE géife Prisong riskéieren, wann si erwëscht ginn, wa si anere Persounen hëllefen.

A Syrien géif aktuell vu béide Säite géint internationaalt humanitäert Recht verstouss ginn. Woubäi de syresche Regime dat an engem méi groussen Ausmooss géing maache wéi d’Oppositioun.

D'Flüchtlingskris ass net an Europa

D'Konfliktregioun hätt eng Flüchtlingskris, an net Europa, seet de Frédéric Haupert. Am Libanon si 25 Prozent syresch Flüchtlingen, a Jordanien sinn et 10-15 Prozent, an der Tierkei sinn dräi Millioune syresch Flüchtlingen. Dofir misst ee sech virun allem drop konzentréieren deene Länner ze hëllefen, déi elo d'Haaptlaascht vun der Flüchtlingskris droen. Dobäi ass et dem Frédéric Haupert no wichteg, fir hir Gesellschaften ze stabiliséieren.

"Et kann net nëmmen drëms goen d'Flüchtlingen a Campen an a Stied z'ënnerstëtzten". Och d'Populatioun am Libanon zum Beispill, déi solidaresch mat de Flüchtlingen ass, misst gehollef kréien, fir datt si wirtschaftlech besser do steet.