Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Humanitär Kris am Jemen

Internationale Konflikt

Humanitär Kris am Jemen

De Krich am Jemen verursaacht aktuell eng vun deene gréissten humanitäre Krisen op der Welt. De Staat am Noen Osten ass zanter 2015 vun engem Konflikt tëschent Regierungs-treien Truppen aus dem Süden an Huthi-Rebellen aus dem Norden. E Konflikt, an dee weider Staaten aus dem Noen Oste verwéckelt sinn. Matten am Krisegebitt versicht d'ONG CARE, de Leit ze hëllefen.

auto_stories

4 min

Nodeems d'Huthi-Rebellen 2014 an d'Land agefall sinn an d'Haaptstad Sanaa besat hunn, huet de verdriwwene Ministerpresident Mansur-Hadi am Mäerz 2015 mat enger saudescher Allianz zum Géigeschlag ausgeholl an e Krich entfacht, dee bis haut undauert.

De Leit direkt hëllefen

Zanter 26 Joer engagéiert sech d'ONG CARE am Staat um roude Mier an huet dobäi virop Schoul- an Aarbechtsprojeten ënnerstëtzt. Duerch de Krich sinn d'Prioritéiten awer anerer ginn. De Johan Mooij, Direkter vun der Associatioun erzielt, datt si momentan dofir suergen, datt 600.000 bis 700.000 all Mount eppes ze iessen hunn. Virop wier et wichteg, datt d'Leit proppert Drénkwaasser hätten. Sou géif ee verhënneren, datt Cholera an d'Land kënnt.

De Johan Mooij ass President vu CARE am Jemen. Foto: Abdulhakim Al-Ansi.

De Johan Mooij geet vun 12 bis 14 Milliounen Hëllefsbedierftegen am Jemen aus. Nieft der Hëllef op der Plaz ass d'Organisatioun vun der Hëllef e wichtegen Aspekt. Et géif e grousse Planning dohannert stiechen an et misst ee virsiichteg virgoen, well eng Rei Parteien an de Konflikt involvéiert sinn. Vill Milize géifen duerch d'Land zéien, ënner anerem den IS an Al-Qaida. "Mir probéieren, gutt informéiert ze sinn. Mir koordinéieren eis all Dag mat aneren ONGen a mat der UNO, a bis elo ass et eis gelongen, jiddwereen ze schützen", erzielt de Johan Mooij.

Transport vu Gidder ass problematesch

E weidere Problem: Eng Erlaabnis fir déi liewenswichteg Gidder bei d'Leit ze transportéiere gëtt net ëmmer vun den Autoritéiten ausgestallt. Donieft kënnt et och zu Incidente während dem Transport. Och wa CARE net Deel vum Konflikt wëllt ginn, géif een an de Konflikt mat eragezu ginn. Mee de Johan Mooij ënnersträicht, datt CARE onofhängeg wier. "Mir probéiere jiddwerengem ze hëllefen, deen Hëllef brauch."

D'Equippe vu CARE géifen awer dacks op Checkpointe fir een oder zwee Deeg festgehale ginn. Leit op den Dierfer an an de Stied wieren awer enorm frou, datt mir hinnen hëllefen, mee gläichzäiteg géif et d'Autoritéite ginn, déi hir eege Pläng hätten, seet den Direkter vu CARE am Jemen.

Hudaida: Eng ëmkämpfte Stad

Rezent gouf déi vun den Huthi kontrolléiert Hafestad Hudaida am Weste vum Land vun enger gréisserer Bommenattack vun der saudesch-jemenitescher Allianz getraff. D'Stad spillt net nëmme wéinst der Gréisst eng wichteg Roll am Konflikt. Virun de Kämpf hunn eng 600.000 Leit an der Stad gewunnt, zielt de Johan Mooij. "Et gëtt also en Ureiz d'Stad ze kontrolléieren." Hudaida huet och e groussen Hafen, wou ongeféier 75 Prozent vun de Gidder an de Jemen importéiert ginn.

CARE geet dovunner aus, datt 12 bis 14 Millioune Leit am Jemen op Hëllef ugewise sinn.

Géif den Hafe vun de Bomme getraff ginn, hätt dëst katastrophal Auswierkungen op d'Aarbecht vun den ONGen, well de Gros vun de Versuergungsgidder iwwer Hudaida ageliwwert gëtt. Eng Léisung am Jemen-Konflikt gëtt opgrond vun der aktueller Konstellatioun schwiereg.

Schwéier, eng Léisung ze fannen

Déi meescht Jemenitten hätten Hoffnung, datt et zu enger Léisung kënnt, erzielt de Johan Mooij. Vill Nopeschlänner wéi Saudiarabien, den Arabeschen Emirater, den Iran oder esou guer de Sudan wieren an de Konflikt involvéiert an hätten alleguer en Interêt um Jemen. Dat géif et schwéier maachen, en Accord ze fannen. Vill Jemenitte wieren der Iwwerzeegung, datt wann et e renge jemenitesche Problem wier, da wier de Konflikt séier geléist.

De Jemen war virum Krich zwar en aarmt, mee ee relativ stabilt Land, esou de Johan Mooij. De Konflikt huet nieft der politescher och eng reliéis Konnotatioun. D'Huthi-Rebelle sinn Unhänger vum schiiteschen Islam, d'Allianz vu Regierung a Saudi-Arabien ass sunnitesch gepräägt. 250 Leit schaffe fir d'Organisatioun am Jemen a sinn op véier Stëtzpunkte verdeelt. De Johan Mooij a seng Equipe sinn an der fréierer Haaptstad Sanaa stationéiert, déi aktuell vun den Huthi-Rebelle kontrolléiert gëtt.