An de Kinossäll vum Palais du Festival, op der Croisette an op de Partien oder op der Plage. Iwwerall gouf dëst Joer just iwwert een Thema diskutéiert: Den digitale Progrès. Wéi vill dovunner däerf am pure Kino, a virun allem och zu Cannes, der Héichbuerg vum onofhängege Kino, erlaabt sinn?
Cannes Filmer mussen an de Kino kommen
D'Identitéitskris vum Festival huet scho virum offizielle Start ugefaangen. Mat der Annonce vum Noah Baumbach sengem Familljen-Drama "The Meyerowitz Stories" an dem Bong Joon-ho senger Satir "Okja". Allebéid an der Haaptkompetitioun, allebéid reell Chancen op déi gëlle Palm. Mee, leider fir si, allebéid vun Netflix finanzéiert. Well fir de President vum Jury, Pedro Almodovar, dierfte Filmer, déi spéider just online kënne gekuckt ginn, zu Cannes net erlaabt sinn. Als Grond nennt hien, datt déi betraffe Filmer net op de groussen Ecran wäerte kommen. Säi Wonsch soll d'nächst Joer an Erfëllung goen. Da sollen nämlech sou Filmer op der Côte d'Azur verbuede ginn.
Dobäi muss ee wëssen, datt Frankräich de Kino staark géint Streaming-Servicer schützt. Réit dräi Joer nodeems e Film am Kino gewise gëtt, däerf en um Internet gestreamt ginn.
Al Garde vs. Fortschrëtt
Mee ass dat e Grond fir Netflix-Produktioune vun der Croisette auszeschléissen? Ass Cannes net grad déi Plaz wou verréckte Filmer, nei Technologien oder verschidde Genre vu Konscht solle gefërdert ginn? Muss déi al Garde sech net vläicht dem Fortschrëtt upassen? Oder musse Streaming-Plattformen hir Filmer einfach op déi grouss Leinwand bréngen?
Den Debat ass op. An dat ass och gutt esou. Well um Schluss sinn et virun allem d'Spectateuren, déi dorënner leiden, datt verschidde Filmer ausgeschloss ginn. An et ass dee selwechte Spectateur, deen zu enger méi grousser Flexibilitéit réit. Op Säite vun de Fesivalsorganisateuren a vun de Streaming-Plattformen. Datt d'Netflix-Produktioun "Okja" a Südkorea wäert am Kino lafen ass jo scho mol een Ufank.