"Mir hunn an de Beräicher Handwierk a Gleisbau zënter Joren e chronesche Personalmanktem", seet d'Syprolux-Presidentin. Si wënscht sech dofir, datt eng Lëscht mat deene Projeten opgestallt gëtt, déi prioritär solle realiséiert ginn.
Komplizéiert wier och d'Situatioun vum Personal, dat fir Entretiensaarbechten um Schinnenetz zoustänneg ass. Duerch den Ëmstand, datt ëmmer méi Zich um Reseau zirkuléieren, géif et ëmmer manner Zäitfënstere ginn, fir déi Aarbechte ze maachen. Dacks bléifen dofir just d'Nuechten. D'Konsequenze vun ëmmer méi Nuetsaarbecht géif een den Equippen umierken. An deem Kontext weist d'Mylène Bianchy och op d'Zuel vun Aarbechtsaccidenter hin, déi an der lescht an d'Luucht gaange wier.
Syprolux deelt Kritik vu CGFP
Wat d'Reform vum ëffentlechen Déngscht ubelaangt, deelt de Syprolux d'Kritike vun der CGFP. Dat confirméiert d'Mylène Bianchy. Si erënnert gläichzäiteg drun, datt de Syprolux vun Ufank u géint déi Reform war: "Dat, wat an enger klassescher Verwaltung Sënn ka maachen, kann een net onbedéngt op en Déngschtleeschtungsbetrib wéi d'Eisebunn iwwerdroen". En Dar am A sinn dem Syprolux besonnesch de Bewäertungssystem an déi zukünfteg Carrière-Entwécklungen, déi besonnesch déi ënnescht Carrièrë géife substantiell penaliséieren.
De Syprolux géif net just op d'CGFP kucken, mä och eegen Demarchen ënnerhuelen, fir Ännerungen duerchzesetzen. D'Gewerkschaft wäert déi politesch Parteie kontaktéieren, seet d'Presidentin: "Da gesi mir, wat den ëffentlechen Transport hinne wäert ass. Och a Saache Statut a Carrière-Evolutioun vun de Leit, déi do schaffen.