Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iergendwou am Texas

Fräie Mikro

Iergendwou am Texas

Et ass en Instrument vun totalitäre Regimmer, d'Famillen, déi net wëllkomm sinn, ze destabiliséieren, andeem een den Elteren hir Kanner ewech hëlt. Dat huet an Hitler-Däitschland an a Franco-Spuenien funktionéiert. Eppes Vergläichbares geschitt elo och an den USA vum Donald Trump, mengt d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.

auto_stories

4 min

Dacks froe jonk Leit, wéi eng Kulturnatioun wéi Däitschland konnt iwwer Joren an déi fierchterlech Barbarei vum Nazi-Regimm ofrëtschen. Si verstinn net, datt kaum ee reagéiert huet, wéi op eemol d'Noperen net méi do waren, d'Schoulbänk niewendrun eidel blouf oder d'Fënster vun deem Geschäft, an deem ee jorelaang akaf hat, beschmiert oder ageschloe war.

Dat war jo net vun haut op muer geschitt. Et war 1933, wéi Dachau opgaangen ass an d'Bicher verbrannt si ginn. 1935 koum et zu den Nürnberger Rassegesetzer an 1938 zum Novemberpogrom. Natierlech gouf et couragéiert Mënschen, déi eppes gesot hunn. Et gouf awer och Mechanismen an Institutioune géint de Courage an de Widderstand. Och an den Nopeschlänner huet een net all ze vill haart Protester gehéiert.

Wat hu mir dogéint gemaach?

An dësem Moment geschéien och Saachen op der Welt, wou mir eis eng Kéier musse froe loossen, wat mir dogéint gemaach hunn. Ob mir eis Stëmm erhuewen hu géint Onrecht an Intoleranz.

Mir wëssen, wéi onmënschlech d'Schicksal vun deene Mënschen ass, déi hir Heemecht musse verloossen an hoffen, bei eis besser Méiglechkeeten ze fannen. An dach ginn ëmmer méi Parteie gewielt, déi grad deene Mënschen hiert Liewen nach méi schwéier wëlle maachen. Mënschen, déi a klengen Zelter laanscht eis Flëss liewen oder deene mir, wéi zu Berlin geschitt, eise Balcon deier verlounen.

Famille ginn ausernee gerappt

A wann ee bal mengt, et kéint net méi schlëmm ginn, gëtt een eppes nach méi Uerges an Onmoralesches gewuer. Op de Grenzen zu den USA hunn elo d'Grenzbeamten, d'Border Patrol, d'Recht, Migrantefamille beim Versuch an d'USA eranzekommen, auserneenzerappen. Den Esteban Pastor, e jonke Papp aus Guatemala, gëtt un der Grenz vu sengem Bouf - 18 Méint al - getrennt. De Papp kënnt dräi Méint an Abschiebehaft a gëtt dann zréck an de Guatemala geschéckt, ouni säi Bouf. Hie krut just gesot, dee Klenge wier iergendwou am Texas.

Dës Prozedur huet keng gesetzlech Grondlag, awer wie braucht déi schonn, wann et duer geet, datt de President seng Border Patrol vun der Léngt léisst?

Puppelcher am Prisong

Biergerrechtsorganisatiounen an den USA, wéi déi renomméiert American Civil Liberties Union, hu festgestallt, datt zanter Januar ronn 200 Kanner vun hiren Eltere getrennt an a Fleegefamillen oder "wherever" - wéi den John Kelly gesot huet - ënnerbruecht goufen. Vill Eltere géifen hir Kanner net méi erëmfannen, a wa si selwer bis zeréckgeschéckt sinn, besteet guer keng Chance méi. Dozou kënnt eng inkompetent Verwaltung, déi bis Enn d'lescht Joer all Trace vu 1.475 Flüchtlingskanner aus Mëttelamerika, déi bei sougenannte Sponsorfamillen ënnerbruecht gi waren, verluer huet. Aner Flüchtlingskanner, dorënner Puppelcher, sinn a Jugendprisongen am Arizona agespaart.

Historiker a Biergerrechtler gesinn dës gewaltsam Trennung vun Elteren a Kanner als e klassescht Instrument vun totalitärem Terror. Et kënnt een net ëmhinn un d'Rampe vun de Konzentratiounslager ze denken, wou d'Elteren hir Kanner aus den Äerm gerappt kruten. Kee Wonner, datt d'Awanderer an d'USA déi brutal Grenzbeamte Gestapo nennen.

"Empöre mir eis?"

Et misst ee si vläicht un dat Gedicht vum Emma Lazarus aus dem Joer 1883 erënneren, dat um Sockel vun der Fräiheetsstatu ubruecht ass: "Gitt mir är Arem, är Midd, är ënnerdréckte Massen, déi just fräi ootme wëllem. Schéckt si bei mech, déi ouni Heemecht sinn, gedriwwe vum Stuerm. Ech beliichten hire Wee eran an déi golden Dier".

Awer Gedichter an Denkmaler si gedëlleg. Och zu eiser Zäit - a mat der Verbreedung vun der Informatioun haut och virun eisen Aen - geschéie grausam Verbriechen, begaange vun engem Staat. Mir si verzweiwelt, wann - wéi de Brecht seet - "nur Unrecht da ist und keine Empörung". Awer empöre mir eis da wierklech? Wuel esou vill oder esou wéineg wéi fréier géint aner onmënschlech Regimmer.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.