"Obesitéit an Iwwergewiicht si Risikofacteure fir vill Krankheeten", seet d'Anne Marx, d'Coordinatrice vum Programm "Gesond iessen, méi beweegen" vun der Santé. "Sollt et sech confirméieren, datt d'Leit an der Corona-Pandemie zougeholl hunn, wäerten och vill Krankheeten zouhuelen", fäert si.
Et wier schwéier schlecht Gewunnechten ze änneren, wa se bis do sinn. Virun allem sollt een awer elo dofir suergen, datt Kanner sech genuch beweegen a gesond iessen - och wann hier Sportsaktivitéiten am leschte Joer praktesch ganz brooch louchen. D'Anne Marx réit zu Fouss an d'Schoul ze goen, am Bësch oder am Gaart ze spillen, ëmmer am Respekt vun de Gestes barrière.
Et wier och wichteg fir Erwuessener Beweegung an den Alldag anzebauen: Trappen ze goen, den Auto wäit ewech ze parken, beim Telefonéiere ronderëm ze spadséieren. D'Weltgesondheetsorganisatioun géif de Message ginn, datt all Minutt Beweegung zielt, esou d'Anne Marx.
De Problem gëtt méi grouss
D'Santé huet fir de Weltdag géint d'Obesitéit Zuele publizéiert: 2019 ware bei eis 16,5 Prozent vun den Erwuessenen obèse, dat waren 1 Prozent méi, wéi viru fënnef Joer. Iwwergewiichteg ware 40 Prozent vun de Männer a 24 Prozent vun de Fraen. An och bei Jugendlechen hätt d'Iwwergewiicht ëm 5 Prozent zougeholl.
Et däerf een alles!
"An enger equilibréiert Ernierung dierf een alles" - seet d'Anne Marx - Stéchwuert "Mindfull eating". De Schlëssel zum Gléck ass dobäi, datt ee sech voll op dat konzentréiert, wat ee Loscht huet z'iessen. "Et soll een de Geroch an de Goût genéissen, an net eng Tut Chips gedankeverluer beim Fernsee konsuméieren!"