Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Illegal Spillautomaten: dausenden Euro Recettë fir de Cafetier

Glécksspill

Illegal Spillautomaten: dausenden Euro Recettë fir de Cafetier

Duerch déi eigentlech net erlaabte Spillbornen an de Caféë kënnen et fir de Cafébedreiwer e puer dausend Euro Recettë pro Mount ginn: dat schätzt d'Horesca. Déi national Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren stellt awer d'Fro, ob d'Automaten an de Caféë wierklech illegal sinn. D'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte - déi d'National Lotterie geréiert - hat Ufank vum Mount hei op der Antenne déi ëmstridde Spillautomate mat däitleche Wieder kritiséiert.

auto_stories

3 min

De Pierre Bley, President vun der Oeuvre, hat de 5. Juli hei um radio 100,7 kritiséiert, datt et eng "staark illegal Konkurrenz" fir d'National Lotterie géif ginn.

"Mir stellen haut fest, datt d'Lotterie enorm gechallenged gëtt dobaussen, vun illegalen Ubidder: dat mécht eis wierklech Suergen. An ech weie meng Wieder, wann ech soen, datt mir un existenziell Schwieregkeete erustoussen. Mir schätzen, datt dësen Ablack am Land ronn 1.000 illegal Bornë stinn. Da kënnt Dir Iech virstellen, datt dat eis Suerge mécht. An datt dat eis och an Zukunft wäert bedrohen, datt mir mussen ëm eis Recettë fäerten."

Hie géif d'Suerge vum Pierre Bley a vun der National Lotterie verstoen, seet de Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp.

E Vide juridique?

Der Horesca wieren an dësem Fall awer d'Hänn gebonnen. Sou laang dës Spillautomaten an de Caféë stinn, géif et dem François Koepp no, "iergendwou e Problem ginn, fir se ze verbidden".

Wa se illegal wieren, da misst "d'Kontrollorgan vum Legislateur seng Aarbecht maachen a kucken, datt d'Regelen agehale ginn. Et gëtt vläicht e Vide juridique, dat ka sinn."

Parquet hat Regele rappelléiert

Datt d'Internet-Bornë mat Spiller net erlaabt sinn, haten d'Parquete Lëtzebuerg an Dikrech am Februar 2015 an Erënnerung geruff: an engem ausféierleche Communiqué, wat legal ass a wat net, hat et deemools ënner anerem geheescht.

"Il est donc notamment contraire à la loi d'obliger le public de payer pour accéder à internet pour pouvoir ensuite jouer sur la même 'borne internet' à des jeux d'adresse ou de hasard qui permettent aux joueurs de gagner de l'argent ou d'autres avantages matériels quelconques. (par exemple des bons cadeaux, bons d'achat ou bons de consommation)."

D'Parqueten haten 2015 och rappelléiert, datt dat illegal Bedreiwe vun esou Apparater mat Prisongsstrofe vu bis zu sechs Méint a mat Geldstrofe vu bis zu 25.000 Euro ka bestrooft ginn a mam Beschlagname vun de Maschinnen. Aktuell leeft eng Instruktioun vum Parquet iwwer illegal Glécksspiller.

Parquet huet rezent Perquisitiounen duerchgefouert

An deem Kontext goufen dëse Mount eng Rei Perquisitiounen a Saisië vum Untersuchungsriichter ordonnéiert, dat huet de Parquet en Dënschdeg matgedeelt. Derbäi gouf nach emol drun erënnert, datt Maschinne fir Glécksspiller, wou Sue kënne gewonne ginn, oder soss materiell Avantagë kënnen entstoen, op ëffentleche Plazen an a Caféë verbuede sinn.

François Koepp: Phenomen ongläich op Caféë verdeelt

Nei Caféen, déi haut opginn, géife sech net op dës Spillautomate fokusséieren, seet de Generalsekretär vun der Horesca. Hie geet dovun aus, datt "dat bei verschiddene Betriber sécherlech e ganz groussen Impakt huet a bei anere Betriber iwwerhaapt keng Importenz fënnt."

De François Koepp rechent vir, datt d'Spillautomaten et verschidde Cafetieren géifen erlabe, fir mat de Recetten doraus hire Loyer ze bezuelen.

"Déi ginn och elo net rise-räich. Ech weess elo net wéi héich déi Parte sinn, déi si do kréien. Mee et muss op jiddwer Fall sinn, datt et fir si rentéiert. Ech huelen un, datt dat an engem Beräich vun tëschent 2.000 a 4.000 Euro kéint leien de Mount." Fir hie wier et verständlech, datt Cafetieren dee Moyen an Usproch huelen, fir hir Existenz ze sécheren.

Zuelen, wéi vill där illegaler Maschinnen et hei am Land ginn, a wéi vill Automate bis haut saiséiert goufen, hätt e keng, esou de Parquet op Nofro hin.