Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ILS-Landesystem Um Findel nëmmen zum Deel fonktiounsfäeg

Aviatioun

ILS-Landesystem Um Findel nëmmen zum Deel fonktiounsfäeg

Um Findel ginn et zënter Abrëll Problemer mat den techneschen Installatioune fir d'Landehëllef ILS. Dat confirméiert den Mobilitéitsminister François Bausch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro. D'Problemer sinn awer virun allem administrativer Natur.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Soos Jozsef

Den Instrumentenlandesystem ILS gouf an de leschten zwee Joer komplett erneiert a kënnt eigentlech an der sougenannter CAT3 funktionéieren. Dat ass déi Zort vun Approche bei deenen d'Visibilitéitsconditioune wéinst dem Wieder ganz besonnesch schlecht sinn. De System erlaabt dann awer nach eng guidéiert Landung. Wéi de System am Mäerz 2021 sollt auditéiert ginn, goufen eng Rei Nonkonformitéit festgestallt, sou d'Lina Mazzola vun direction de l'aviation civile.

"Do huet dann d'Direction de l'aviation civile, also DAC déi eng autonom Verwaltung ass an zoustänneg ass fir esou Auditten ze maachen, do huet DAC am Mäerz vun dësem Joer en Audit bei der Administration de la navigation aérienne gemaach an do hu mir da festgestallt dass d'Operatioun an d'Gestioun vum ILS-System net wierklech de Bestëmmungen vun den EU-Reglementer an der internationaler Gesetzgebung gerecht war."

Fligere kënnen trotzdeem ouni Problemer landen

Sou konnt administration de la navigation aérienne net déi néideg Beweiser virleeën déi weisen, datt de System präzis géif funktionéieren. Parallel goufen d'Buedemtester net esou systematesch duerchgefouert wéi et virgesinn ass. Op der Pist 24, also där vun der Sennenger Säit erbäi, gouf d'Klassifikatioun ILS Cat 3 dunn den 23. Abrëll opgehuewen an dat nach bis den 30. September. D'ANA erkläert op Nofro hinn, datt den Impakt op de Fluchbetrib ganz limitéiert wäert bleiwen. D'Fligere kéinten trotzdeem landen, sou d'Lina Mazzola vun der ANA. "Dat misst an deser Period, zemools dëser Summerperiod, guer, guer kee Problem sinn."

Well donieft souwisou d'Pist mat der Beliichtung frësch gemaach gëtt, déi zum CAT 3 gehéiert wier deen sou oder sou ausgefall. De Problem wier déi "extrem" europäesch Regulariséierung déi ganz komplex wier. E Sécherheetsproblem hätt awer zu kengem Zäitpunkt bestanen.