Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Chic - Good Times

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impakt op Verkéier tëscht Lëtzebuerg an Tréier

Geplangten däitsch Autobunn-Maut

Impakt op Verkéier tëscht Lëtzebuerg an Tréier

Déi geplangten däitsch Autobunn-Maut kéint en Impakt op d'Tréierer Wirtschaft an op de Verkéier tëscht Lëtzebuerg an Tréier hunn. Dat geet aus enger rezenter Etude vun engem Geologie-Student op der Tréierer Uni ervir.

auto_stories

2 min

Vun de ronn 1.100 Lëtzebuerger, déi de Stefan Rommelfanger vun der Uni zu Tréier fir seng Diplom-Aarbecht befrot huet, woussten iwwer 70 Prozent net, wéi vill d'Maut kaschte wäert. Si hunn awer uginn, datt si da manner géifen op Tréier akafe goen.

Fir eng Zéng-Deeg-Vignette wäert een, ofhängeg vum Auto mat deem ee fiert, tëscht 2,50 Euro an 20 Euro bezuele mussen.

Stroosse ginn nach méi belaascht

Dem Stefan Rommelfanger no géif dat en ekonomeschen Impakt, virun allem op den Tréierer Eenzelhandel hunn, well 12 bis 14 Prozent vum Ëmsaz am Eenzelhandel duerch Lëtzebuerger Cliente géife generéiert ginn. D'Maut kéint awer och en Afloss op de Verkéier hunn, esou den Tréierer Geolog.

"60 Prozent vun de befrote Lëtzebuerger hunn uginn, datt si an Zukunft d'Autobunnen evitéiere géifen an iwwer Kommunal- a Bundesstroosse fuere géifen. Dat heescht, mir wäerten een Ëmleedungseffekt hunn an déi Stroosse wäerten nach méi belaascht ginn."

Dat géif sech virun allem op d'Stroossen tëscht Waasserbëlleg an Tréier an tëscht Gréiwemaacher an Tréier auswierken. Et kéint een dovunner ausgoen, datt den Impakt vun der Lëtzebuerger Protesthaltung virun allem kuerzfristeg wier, esou de Stefan Rommelfanger. Onkloer ass, wéi laang esou eng Protestphase undauere kéint.

Lëtzebuerg weiderhi fir europäesch Léisung

Dem Geolog no wier et interessant ze verfollegen, wéi eng Roll d'Maut a Koalitiounsverhandlungen tëscht der Unioun, de Liberalen an de Gréngen an Däitschland wäert hunn.

"D'CSU ass zimlech déi eenzeg Partei, déi fir eng Maut gestëmmt huet. D'SPD huet am Bundesrat a Bundestag schlussendlech dofir gestëmmt, well et am Koalitiounsvertrag opgeholl ginn ass. Well CDU/CSU awer nach ëmmer déi stäerkste Partei ass, denken ech, datt d'Maut komme wäert."

Et kéint awer sinn, datt een no Léisungen an de Grenzregioune siche géif. Zum Beispill a Form vun engem Maut-fräie Couloir, wéi et en och tëscht Lëtzebuerg a Stroossbuerg géif ginn.

Lëtzebuerg stellt d'Maut iwwerdeems weiderhin a Fro a plädéiert fir eng europäesch Léisung, heescht et op Nofro aus dem Infrastrukturministère.