Radioen

On air

De Moien  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi europäesch Agrarkris zu Lëtzebuerg

Landwirtschaft

Déi europäesch Agrarkris zu Lëtzebuerg

D’Landwirtschaft stécht an Europa weider an der Kris. Aus politeschen, wirtschaftlechen a klimabedéngten Ursaache sinn d’Präisser vun Agrarprodukter an de leschte Joren a Méint staark gefall. Hei am Land kréie besonnesch d’Mëllechbaueren an d'Produzente vu Schwéngefleesch d’Konsequenzen ze spieren. De rezenten Hëllefspak vu 500 Milliounen Euro an aner Mesuren, déi d'EU-Kommissioun viru Méint beschloss huet, hunn nach net gegraff. Lo gëtt no weidere Léisunge gesicht.

auto_stories

7 min

Virun zwee Joer kruten d’Baueren nach fir ee Kilo Mëllech ëm déi 40 Cent ausbezuelt, lo sinn et 12 Cent manner

Ee Grond fir déi aktuell Schwieregkeeten an der europäescher Landwirtschaft sinn ënnert anerem am Oste vum Kontinent ze sichen, an zwar am Ukrainekonflikt. D’Wirtschaftssanktiounen, déi d’Europäesch Unioun an deem Kontext géint Russland verhaangen huet, sinn net ouni Äntwert bliwwen: Moskau huet viru gutt annerhallwem Joer een Embargo op Agrarprodukter aus der EU duerchgesat, déi nach op d’mannst bis August dëst Joer a Kraaft bleiwen. 

D’Belsch ass dowéinst beispillsweis op engem gudden Deel vun hire Bire sëtze bliwwen. D'Lëtzebuerger Uebst a Geméis kritt deen Importstopp wäit manner ze spieren, dofir gesäit hei zu Land d’Situatioun am Mëllechsecteur "dramatesch" aus, wéi de Guy Diderrich, President vun de Lëtzebuerger Mëllechbaueren (LDB) seet: "Mir hunn ee Mëllechpräis, dee praktesch nach ni sou niddreg war, an d'Tendenz ass nach méi schlëmm. All Mount wäerte verschidde Molkereie§ weider mam Präis erofgoen".

Fräiwëlleg manner produzéieren?

Virun zwee Joer kruten d’Baueren nach fir ee Kilo Mëllech ëm déi 40 Cent ausbezuelt. Elo am Februar waren et bal 12 Cent manner. Viru genee engem Joer ass an der Europäescher Unioun de System vun de Quoten ofgeschaf ginn, d’Bauere kënnen also souvill produzéieren, wéi se wëllen. "Et gëtt ze vill produzéiert", bedauert de Guy Diderrich. An och d’Demande aus China konnt dee Surplus - krisebedéngt - net opfänken. Ee Léisungsusaz gesäit de Guy Diderrich an enger permanenter Entschiedegung fir déi Baueren, déi bereet wieren, fräiwëlleg manner ze produzéieren. "Doduerch kéint de Marché lues a lues entlaascht ginn", rechent hien.

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen gesäit de Virschlag vun esou engem permanente System awer skeptesch: "Sou ee System bedéngt, datt all Land matmécht an datt eng gewësse Solidaritéit do ass. Wann een awer an der Flüchtlingsfro gesäit, wéi strapazéierfäeg d'Solidaritéit ass, da kann ech mer kaum virstellen, datt esou ee System géif fonctionnéieren". De Landwirtschaftsminister ënnersträicht och, datt et ëmmer eng Zort Regel gouf: Wann de Bauer Akommesverloschter hat, dann huet hien déi kompenséiert, andeems hie méi produzéiert huet. 

Etgen: nei Mäert erschléissen an national Hëllef

Den DP-Minister hofft éischter, datt d’EU an nächster Zäit nei Mäert wéi Mëttel- a Südamerika, respektiv Vietnam oder och Japan ka fir déi europäesch Mëllechproduzenten erschléissen. Spezifesch fir Lëtzebuerg gedenkt de Fernand Etgen punktuell eng op sechs Méint begrenzten Hëllef vu 15.000 pro Betrib ëmzesetzen, ebe fir déi, déi bereet sinn, manner ze produzéieren. D’EU gesäit Sputt, fir dës Subsiden duerchgoen ze loossen, virausgesat, se sinn u bestëmmte Konditioune gebonnen. De Guy Diderrich vum LDB ass awer dovun net iwwerzeegt: Domat géif een de Problem net un der Wuerzel upaken. "Mir vermeiden zwar Enkpäss bei de Baueren, mee an dräi Méint sti mer rëm d'selwecht do", sou de President vun de Lëtzebuerger Mëllechbaueren

Grad ewéi d’Mëllechbauere kloen och d’Produzente vu Schwéngefleesch iwwert een ze niddrege Präis. Fir wéinstens d’Käschten ze decken, missten d’Schluechthaiser op mannst 1,60 pro Kilo ausbezuelen. Den aktuelle Präis läit awer ongeféier 30 Cent drënner, erkläert de Romain Klein, President vum COCHY, dem Verband, deen d’Marque Nationale promovéiert.

Schwéngefleesch: ze bëlleg, ze deier

Dee Präisverfall erkläert hien duerch déi russesch Sanktiounen, déi d’EU selwer provozéiert hätt. An hie kritiséiert och, datt keng Léisung an Aussiicht ass. "Dat eenzegt wat d'EU mécht, wann een Iwwerschoss um Marché ass, dat ass déi privat Lagerhaltung, wou d'Fleesch an der Lagerung agefruer gëtt, fir et da mat engem Délai op de Marché ze bréngen", erkläert hien. Och säi Fazit: "Dat ass just eng Verlagerung vum Problem". No sechs Méint géifen d'Frigoen erëm opgoen, an da wier alles erëm beim Alen. 

Dem Romain Klein no bezilt de Konsument zu Lëtzebuerg ëmmer méi fir seng Ham a säi Schwéngscarré. De Produzent kréich sengersäits awer ëmmer manner ausbezuelt. D’Acteure vun der kommerzieller Ketten hei am Land kéinten net um globale Maart mathalen, an hätten deemno och een Interessi drun, datt de Produzent net ënner d’Rieder kënnt. D'Schluechthaiser an d'Distributioun missten sech deemno, senger Meenung no, mat de Produzenten un een Dësch setzen fir eng gemeinsam Strategie ze fannen

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen wëll sech, eegenen Aussoen no, an esou Verhandlungen am Interêt vun de Schwéngsziichter, mat abréngen. Dobäi solle qualitativ héichwäerteg Produkter am Mëttelpunkt stoen. "Dat eenzegt wat hinne bleift, si Produkter mat héijem Mehrwäert, zum Beispill Produkter vun der Marque Nationale. Dofir gëtt et och ee regionale Maart". Allerdéngs soll d’Roll vum Staat an deem Fall awer nëmmen déi vum Vermëttler sinn, sou de liberale Minister.