Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - In Care Of 8675309

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfflicht: CSV-Fraktioun dogéint, DP nach keng definitiv Positioun

No Presentatioun vum Avis vum Experterot

Impfflicht: CSV-Fraktioun dogéint, DP nach keng definitiv Positioun

D'CSV-Fraktioun ass net dofir zu dësem Zäitpunkt eng Impfflicht anzeféieren. "Mir sinn an enger Situatioun, wou de Virus net méi esou virulent a geféierlech ass", seet de Claude Wiseler. D'DP-Fraktioun wéilt d'Fro vun der Impfflicht fir Leit vun iwwer 50 nach diskutéieren, seet de Gilles Baum. Hie weist sech iwwerrascht, datt d'Experte keng Impfflicht fir d'Gesondheetspersonal recommandéiert.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: picture alliance / NurPhoto | Gerardo Vieyra

D'CSV-Fraktioun ass net dofir zu dësem Zäitpunkt eng Impfflicht anzeféieren. "Mir sinn an enger Situatioun, wou de Virus net méi esou virulent a geféierlech ass", seet de Claude Wiseler.

Konstitutionell wier et schwéier esou ee massiven Agrëff an déi perséinlech Fräiheeten ze justifizéieren, wann d'Gefor "net méi akut, net méi aktuell" ass, seet den CSV-Deputéierten a -Parteipresident.

Et géif sech just nach ëm eng "hypotheetesch Gefor" handelen, déi "eventuell" am September géif antrieden, seet de Claude Wiseler am 100,7-Interview.

Sech op den Hierscht a Wanter preparéieren

De Claude Wiseler ass awer dofir, elo all Virbereedunge fir d'Aféierung vun enger Impfflicht ze maachen, fir de Fall, datt se bei enger eventueller weiderer Corona-Well misst agefouert ginn.

"Mir hu vill ze vill Leit, och Leit iwwer 50 Joer, déi net geimpft sinn", esou den CSV-Deputéierten, dofir wier et wichteg d'Impfcampagne weider ze féieren.

Gläichzäiteg wier et noutwenneg d'Texter fir eng Impfflicht fäerdeg ze maachen: "datt ee prett ass fir se ze stëmmen, wann ee se géif brauchen, an der Hoffnung, datt se ni gebraucht ginn."

Den CSV-President ënnerstëtzt d'Recommandatioun vun den Experten e Pandemie-Gesetz fäerdeg ze maachen, fir méi séier mat Mesuren op nei schlëmm Corona-Welle reagéieren ze kënnen.

Keng Impfflicht fir Gesondheetspersonal: Gilles Baum iwwerrascht

De Gilles Baum hätt nach keng Zäit gehat sech am Detail mam Rot vum Expertegrupp auserneen ze setzen, seet den DP-Fraktiounschef am 100,7-Interview.

D'DP-Fraktioun an eventuell déi aner Parteigremie wéilten d'Fro vun der Impfflicht fir Leit vun iwwer 50 Joer nach diskutéieren, fir eng definitiv Positioun dozou ze fannen.

Fir d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur roden d'Experten net méi zu enger sektorieller Impfflicht: et wier awer dringend néideg den Impfstatus vum Personal oppen ze leeën, heescht et am Zousazavis.

De Gilles Baum weist sech iwwerrascht iwwer déi Aschätzung vum Experterot: "ech hat ésichter gemengt, datt ee beim Gesondheetspersonal [...] misst dofir suergen, datt déi Leit méiglech alleguer geimpft wieren."

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert (LSAP) wëllt virum Regierungsrot vu dësem Freideg net op den Zousaz-Avis a Saachen Impfflicht reagéieren, esou hire Ministère haut op eis Nofro hin.