Vulnerabel Leit wieren awer dacks eeler Leit, bei deenen Impfunge manner gutt géife fonctionéieren. Dofir misst ee sech d'Fro stellen, ob een net éischter déi Leit soll impfen, déi ronderëm déi eeler Leit sinn, déi méi jonk sinn "fir eng Aart Schutz ronderëm déi eeler Leit ze maachen". Net alles wat à première Vue evident wier, wier am Endeffekt och wierklech evident.
D'Reiefolleg an där geimpft gëtt, wier eng Fro mat techneschen an etheschen Aspekter, mat deene sech am Moment souwuel d'Regierung wéi den Ethikrot géife befaassen, esou den Direkter vun der Santé. Gëschter hat d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert jo ugekënnegt, d'Impfstrategie géif warscheinlech d'nächst Woch presentéiert ginn.
Presentatioun vun der Impfstrategie d'nächst Woch
Fir unzefänke sollen dräi Impfzenteren opgoen - een am Zentrum, een am Süden an een am Norden; dee Reseau géif da mat der Zäit ausgebaut ginn. Op d'Fro, ob hie sech selwer ouni Bedenke wäert impfe loossen, sot den Dokter Schmit.
"Ech loosse mech sécher impfen. Ouni Bedenken warscheinlech net, well et ass effektiv en neie Vaccin: datt ee sech do Froe stellt, ass absolut normal.
De Méindeg hat d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert jo ugekënnegt, d'Impfstrategie géif warscheinlech d'nächst Woch presentéiert ginn.