Deemnächst ginn d'Léin an d'Pensiounen un d'Inflatioun ugepasst: Den 29. November gëtt annoncéiert, ob d'Indexcote am Laf vum November iwwerschratt an d'Tranche deemno op den éischten Dezember ausbezuelt gëtt, heescht et beim Statec op Nofro hin.
De Wirtschaftsminister Etienne Schneider sot eis, "wann déi nächst Tranche net am Dezember erfält, da sécher awer am Januar".
D'Inflatioun war an de leschte Wochen och zu Lëtzebuerg méi schwaach, wéi déi Méint virdrun.
Engem Gesetz no ginn d'Léin, d'Gehälter an d'Pensiounen automatesch ëm 2,5 Prozent ugepasst, wann d'Präisser am Indexwuerekuerf ëm 2,5 Prozent geklomme sinn. Ass d'Cote iwwerschratt, gëtt d'Tranche vum Mount drop un applizéiert.
Déi lescht Indextranche gouf et op den 1. August 2018.