Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Indextranche vun Abrëll kënnt, déi vun August soll retardéiert ginn

Tripartite

Indextranche vun Abrëll kënnt, déi vun August soll retardéiert ginn

D'Indextranche vum Abrëll soll ausbezuelt ginn, seet de Xavier Bettel. Dono soll et wärend zwee Joer maximal eng Tranche d'Joer ginn. De Präis vum Sprit soll ëm 7,5 Cent reduzéiert ginn.

auto_stories

2 min

"Mir stellen den Index net a Fro", seet de Xavier Bettel no Verhandlunge mat Gewerkschaften a Patronat. Den Index wier ee Garant vum soziale Fridden, esou de Premier.

Et wier ee sech an de Tripartiteverhandlungen eens ginn, mee et wier nach keen definitiven Accord, huet de Premier preziséiert.

Wärend zwee Joer maximal eng Indextranche d'Joer

D'Indextranche, déi am Abrëll erfält, soll bestoe bleiwen. Am August sollt dem STATEC senge Berechnungen no eng weider Indextranche erfalen, seet de Xavier Bettel a confirméiert domat dat, wat mir Ufank der Woch gemellt hunn.

Dës Indextranche soll awer an den Abrëll 2023 verluecht ginn. Fir 2023 wier just eng Indextranche virgesinn, sollt awer eng zweet Indextranche erfalen, géif déi op den Abrëll d'Joer drop verluecht ginn, esou de Premier.

Leit mat niddregem a mëttlerem Akommes géifen de Verloscht vun der Kafkraaft duerch ee Crédit d'impôt iwwerkompenséiert kréien, esou de Premier.

E puer Indextranchë wärend e puer Méint géifen d'Entreprisë virun Defie stellen, seet de Xavier Bettel. D'Energiepräisser an déi héich Präisser vun der Matière première, grad ewéi méi héich Léin géifen d'Patrone belaaschten.

Punktuell Hëllefen

Um Sprit soll et eng Reduktioun vu 7,5 Cent um Verkafspräis bis 31. Juli ginn, dat beim Bensin a beim Diesel.

Loyere fir Privatleit solle bis Enn des Joers agefruer ginn an d'Subvention loyer soll kuerzfristeg gehéicht ginn, seet de Xavier Bettel. Et wéilt een esou den akommesschwaache Stéit hëllefen, huet de Premier virun der Press erkläert.

D'Primme fir energetesch Sanéierung soll an d'Luucht gesat ginn, wéi mir dat schonn d'lescht Woch gemellt haten. Hei géifen nach Berechnunge gemaach ginn. Et wéilt een déi energetesch Transitioun esou ëmsetzen, seet de Premierminister.

Nächste Rendezvous an enger Woch

Et wieren nach vill Berechnungen ze maachen an et géif nach keen definitiven Accord ginn, dofir géif ee sech déi nächst Woch en Donneschdeg um néng Auer gesi fir weider ze verhandelen, esou de Xavier Bettel.

Sollt et dann zu engem Accord kommen, géif de Premier eng Deklaratioun an der Chamber maachen, preziséiert de Xavier Bettel.