Institut fir Zäitgeschicht

Am Kulturministère gëtt un engem Gesetzprojet geschafft, fir d’Schafung vum “Institut fir Zäitgeschicht”: an engem Joer soll en Text stoen. D’Kulturministesch Maggy Nagel (DP) geet dervun aus, datt een op de Wee vun engem Etablissement Public geet, deen enk mat der Universitéit soll zesummeschaffen. Wéi ee Budget a wéi ee Personal fir esou en Institut fir Zäitgeschicht néideg ass, steet nach net fest.

Optrag soll et sinn, déi Lëtzebuerger Geschicht vum 20. an 21. Joerhonnert opzeschaffen. D'Kultirministesch Maggy Nagel ass der Meenung Lëtzebuerg hätt – anescht wéi seng Nopeschlänner – nach net de Schrëtt gemaach, fir seng Erënnerungskultur op eng onofhängeg Recherche opzebauen.

D'Renée Wagener an den Denis Scuto sinn am Gaange mat aneren Historiker vun der Universitéit Lëtzebuerg en Avis zum Projet ze schreiwen. Hier Haaptfuerderung: d'Institut muss onofhängeg a wëssenschaftlech kënne schaffen.

Detailer am Dossier vum Dag:

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 responsable ressources humaines (m/f)

    HR Human Resources

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recherche 1 responsable ressources humaines (m/f) sous contrat à durée déterminée en vue du remplacement d'un congé de maternité et d'un congé parental à temps plein.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen