"Integratioun vu Flüchtlingen ass eng Chance fir Europa"

Lëtzebuerg soll an deenen nächsten zwee Joer 350 Flüchtlingen ophuelen. Dat geet der Marie-Josée Jacobs net wäit genuch. D’Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg fënnt am 100,7-Interview kloer Wierder.

Marie-Josée Jacobs

“Déi Leit, déi heihinner kommen an Asyl ufroe si keng, déi eppes Béises maachen. Déi, déi Béises maache brauche keen Asyl.” Dat seet d’Marie-Josée Jacobs, d’Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg, am 100,7-Interview. D’Flüchtlinge wäre keng Bedrohung fir Europa. Kee Mënsch géif gär vun doheem fort goen.

D’Caritas ass zanter dem Ufank vum Krich a Syrien engagéiert. Fir hir Aarbecht hätt d’Hëllefsorganisatioun manner Done kritt, wéi dat zum Beispill bei schwéieren Naturkatastrophen de Fall ass. Déi grouss Indifferenz vu villen Europäer, erkläert d’Marie-Josée Jacobs sech doduerch, dass d’Mënsche sech séier un d’Tragedië gewinnt hätten. Anerersäits géif d’Populatioun sech awer och berechtegterweis vill Froe stellen. Niewent där politescher Responsabilitéit, kéim elo d’Responsabilitéit vu jiddwer Eenzelnem dobäi.

D’Presidentin vun der Hëllefsorganisatioun freet sech iwwer déi enorm Generositéit vun de Lëtzebuerger. Vill Leit géife sech melle fir ze hëllefen an et kéime vill Spenden eran. “Wa mir eis richteg uleeën ass dat eppes, wat mir duerchaus kënne matenee packen.”

Kritik um Viktor Orbán

Déi fréier Familljen- an Integratiounsministesch (CSV) begréisst de Courage vun Däitschland an Éisterräich fir ze handelen, ouni op Formalitéiten ze handelen. Net just wéinst den Accusatioune vum Viktor Orbán géigeniwwer deenen zwee Länner, huet si den ungaresche Premier schaarf kritiséiert. Hien hätt gewisen, wat säi richtegt Gesiicht wär.

An deem Kontext fënnt d’Marie-Josée Jacobs d'Handlungsfräiheet vun de Memberstate bannent der EU problematesch: “Dat mécht d’Aarbecht vun der Kommissioun, vum Conseil a vun all deene Leit, déi sech drëm këmmeren, net méi einfach. Wann do Leit sinn, déi permanent maueren, da kommt Dir net virun.” Gläichzäiteg ënnersträicht si um Beispill vu Groussbritannien, dass d’Populatioun duerch hiren Asaz och d’Politik ka beaflossen. Ugangs hat de Premier David Cameron sech géint den Accueil vu Flüchtlingen ausgeschwat.

Akzeptanz bei der Populatioun

Rassismus bezeechent d’Presidentin vu Caritas als “eng vun de Realitéiten”. D’Angscht virum Frieme wär eppes Natierleches. “Elo komme Leit heihinner, déi hunn eng aner Kultur, déi hunn eng aner Relioun, si schwätze keng vun deene Sproochen, déi mir verstinn.” Et wär deemno wichteg, dass d’Réfugiéen, déi op Lëtzebuerg kommen, duerch Sproochecourse missten d’Chance op Integratioun kréien.

Vill syresch Flüchtlinge wiere gutt ausgebild a kéinten zu Aarbechtskräfte ginn, déi zum Beispill am Gesondheetssecteur gebraucht géifen. Dat géif hinnen och hëllefen, bei der Bevëlkerung méi Akzeptanz ze fannen.

Déi 350 Asyldemandeuren, déi Lëtzebuerg an deenen nächsten zwee Joer soll ophuelen, wären ee richtegt Signal, awer et wären der net genuch. De Grand-Duché wär ee räicht Land, wat misst Efforte maachen. Fréier oder spéider géife sech souwisou méi Mënschen opdrängen.

Aarbecht vun Hëllefsorganisatiounen

D’Zesummenaarbecht mat aneren ONGe wéi der Croix Rouge wär gutt. Et géif ee vill mateneen iwwer d’Verdeelung vun de Mëttelen diskutéieren a sech gemeinsam fir ee Konsens zu Lëtzebuerg staark maachen. Eng vun de Revendikatioune vu Caritas ass, dass all d’Flüchtlinge virum Wanter ënnerbruecht ginn. Et géif awer net just mam Logement duergoen, d’Leit missten och encadréiert ginn. Besonnesch Kanner a Jugendlecher misste gehollef kréie fir mat hiren traumateschen Experienzen ëmzegoen.

Doriwwer eraus misst awer och weider probéiert ginn, fir de Mënschen an hire Länner selwer ze hëllefen. Konkret fuerdert d’Presidentin weider Entwécklungshëllef, Ënnerstëtzung vun der Economie an ee legalen Zougank zu Europa. Dobäi sollt een d’Balkan-Länner, déi als sécher gëllen, net vergiessen. “Well och déi Leit kommen. A wa se net legal kommen, da komme se illegal. An dat schaaft eis vill aner Problemer, déi mir bis elo net haten.”

Den Appel vum Poopst zu méi Solidaritéit an Hëllef begréisst d’Marie-Josée Jacobs. Den Accueil vu Flüchtlingen bei private Famillje misst awer gutt preparéiert gi fir Frustratioun an Enttäuschung z’evitéieren.

Caritas Lëtzebuerg an d’Croix Rouge hu momentan kee Besoin u materiellen Donen. Wann d’Flüchtlinge bis do si géif sech weisen, wat konkret néideg ass, an da géifen Appeller lancéiert ginn. Geld géif allerdéngs ëmmer gebraucht ginn.

Audio: Invitée vum Dag vum 7. September 2015 . De Gilles Wunsch am Gespréich mat der Marie-Josée Jacobs.

Link: Caritas Lëtzebuerg

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen