Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Azymuth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Intensiv-Medezinner: "Impfung ass e solidareschen Akt"

Pandemie

Intensiv-Medezinner: "Impfung ass e solidareschen Akt"

D'Impfcampagne géif mat sech bréngen, datt praktesch keng al Leit méi hospitaliséiert ginn, esou den Dr. Jean Reuter aus dem CHL. Elo wier et awer wichteg, datt och déi Jonk sech impfe loossen, och wann si net zur Risiko-Populatioun zielen.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

Op den Intensiv-Statiounen ass den Altersduerchschnëtt vun de Covid-Patiente méi niddereg ewéi virun e puer Méint. Déi méi jonk Patienten, géifen am Duerchschnëtt och méi laang op der Intensiv-Statioun bleiwen, seet den Dr. Jean Reuter aus dem Stater CHL. Esou wiere verschidde Covid-Patiente schonn iwwer zwee Méint op senger Statioun.

Den Intensiv-Medezinner féiert des schlëmm Verleef bei Patiente vun ënner 60 Joer op déi nei Virus-Varianten zeréck, déi zënter e puer Méint am Ëmlaf sinn: "Mëttlerweil ass och bewisen, datt déi méi e schwéiere Verlaf bei méi jonke Leit kënnen hunn."

Een Appell un déi méi Jonk

Am Moment sinn hei am Land 31 Patienten op den Intensiv-Statiounen hospitaliséiert. Dës Zuel ass an de leschte Woche stabil bliwwen, wärend d'Hospitalisatiounen an de Soins normaux ofgeholl hunn.

Elo wier et awer wichteg, datt och déi Jonk sech impfe loossen, och wann si net zur Risiko-Populatioun zielen, esou den Dr. Jean Reuter.

Hie betount, impfe wier e "solidareschen Akt", bei deem et net nëmmen drëms geet sech selwer ze schützen, mee och déi aner. Den Intensiv-Medezinner huet an dem Kontext drun erënnert, datt reegelméisseg Leit an d'Spidol ageliwwert ginn, déi vu Familljememberen ugestach goufen:

"A wann dann e Familljemember stierft, an dir hutt de Virus era bruecht - do wäert der mussen dru knaen. An dat muss der dann an de nächste Joren och mat Iech selwer ausmaachen: Wann der wësst, datt et am Fong e Moyen gëtt fir Iech selwer effikass ze schützen, an och déi aner effikass ze schützen."