Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Louis Cole - Dead Inside Shuffle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Intern Berodungen a Koalitiounsgespréicher

Gemengewahlen 2017

Intern Berodungen a Koalitiounsgespréicher

Am Laf vum Méindeg ass mat weidere Koalitiounsaussoen ze rechnen. An e puer Proporzgemengen dierft et spannend ginn. Zum Beispill an der Haaptstad, zu Schëffleng an zu Beetebuerg.

auto_stories

5 min

(Foto: Bigstock/ ijeab)

Stad Lëtzebuerg

Déi demokratesch Partei huet um Wahlsonndeg ee Sëtz verluer. D'CSV dogéint huet zwee Sëtz dobäi gewonnen an ass deemno elo zweetstäerkst Fraktioun am Gemengerot. D'DP bleift allerdéngs stäerkste Partei an der Stad Lëtzebuerg.

  • Et steet nach keng Koalitioun fest
  • Blo-gréng Koalitioun kéint bestoe bleiwen
  • De Wielerwëlle soll respektéiert ginn an d'Diskussioune mat der CSV iwwer déi jeeweileg politesch Programmer sollen opgeholl ginn, esou d'Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer

Den CSV-Éischtgewielte Serge Wilmes seet, datt seng Partei kloer an der Haaptstad gewonnen hätt. D'Stater DP-Sektioun géif den Owend zesummekommen, fir d'Analys vun de Wahlresultater ze maachen, seet d'Lydie Polfer. Och d'CSV an déi gréng wäerten den Owend hir Konklusiounen aus de Resultater zéien.

Esch/Uelzecht

Zu Esch huet d'CSV iwwerraschenderweis d'LSAP als stäerkst Partei ofgeléist.

  • Grouss Koalitioun tëscht der CSV an der LSAP schéngt awer onwahrscheinlech
  • Roud-roud-gréng Koalitioun hält de grénge Martin Kox fir onwahrscheinlech
  • Sondéirungsgespréicher tëscht der CSV an den Escher Grénge wiere e Méindeg oder Dënschdeg no de Wahlen

Déi Gréng vun Esch wieren no Mëtternuecht nach vun der CSV kontaktéiert ginn, seet de Martin Kox. déi gréng wéilte, grad wéi och déi Escher DP an d'CSV, de Méindegowend intern iwwer weider Demarchen decidéieren.

Déifferdeng

De grénge Buergermeeschter Roberto Traversini geet als klore Gewënner aus de Wahlen eraus. Hie soll och fir déi nächst sechs Joer Buergermeeschter bleiwen. Dat wier mat der CSV esou ofgemaach, sot hien eis.

  • E Méindegowend fänken d'Koalitiounsgespréicher tëscht déi gréng an der CSV un
  • De Roberto Traversini seet, hie wéilt esou séier wéi méiglech eng gréng-schwaarz Koalitioun stoen hunn
  • Ze kläre bleift nach, ënnert anerem, d'Poste-Verdeelung, esou de Roberto Traversini

Déi Gréng zu Déifferdeng sinn no de Wahle vun dräi Sëtz op siwe geklommen. D'DP huet mam François Meisch als Spëtzekandidat fënnef Sëtz verluer an huet elo nach zwee Mandater.

Suessem

Déi zwee nei Kandidate vun déi Lénk Myriam Cecchetti a Jos Piscitelli goufen an de Gemengerot gewielt. D'LSAP bleift déi stäerkste Partei.

  • Koalitioun mat déi Lénk ass éischter onwahrscheinlech, seet den LSAP-Buergermeeschter Georges Engel
  • Koalitiouns-Optioune wieren d'CSV an déi gréng.

D'LSAP Sektioun Suessem soll sech de Méindegowend treffen an decidéieren, mat wiem si a Verhandlunge geet. D'Sozialisten hunn hir siwe Sëtz confirméiert, awer Stëmme verluer. D'CSV huet zu Suessem zwee Sëtz dobäi gewonnen an huet der elo fënnef.

Stengefort

D'CSV verléiert ee Sëtz zu Stengefort. Den aktuellen CSV-Buergermeeschter Jean-Marie Wirth ass just deen Zweetgewielte ginn, hannert dem LSAP-Spëtzekandidat a fréiere Buergermeeschter vu Stengefort, Guy Pettinger.

  • D'LSAP trëfft sech mat der DP
  • Et kéint och eng rout-gréng Koalitioun ginn. Béid Parteie wëllen e Méindeg Gespréicher féieren

Et war fir d'éischte Kéier, datt zu Stengefort eng gréng Lëscht ugetrueden ass. Déi huet mam Yann Wunsch direkt ee Sëtz am Gemengerot kritt.

Monnerech

D'LSAP huet hir absolut Majoritéit verluer. D'Sozialisten hunn um Wahlsonndeg zwee Setz verluer, d'CSV dogéint zwee Setz gewonnen. Béid Parteien hunn elo fënnef Sëtz.

  • Koalitioun tëscht LSAP an CSV ass méiglech
  • Koalitioun tëscht der CSV an der DP ass méiglech
  • Koalitioun tëscht der LSAP an der DP ass méiglech

Aus der CSV heescht et, datt et den Ament éischter no enger Koalitioun tëscht der LSAP an der DP géif ausgesinn. D'LSAP wier bereet, grouss Konzessiounen un DP ze maachen, fir weider kënnen de Buergermeeschter ze stellen. Eng Decisioun iwwert déi nei Koalitioun fält awer fréistens de Méindegowend.

D'LSAP-Buergermeeschtesch Christine Schweich huet ugekënnegt als Beschtgewielten gären hiren Posten als Buergermeeschtesch ze behalen.

Beetebuerg

Déi zwou stäerkst Parteien zu Beetebuerg sinn d'LSAP an d'CSV. Si beweege sech net openeen zou.

  • Et kënnt drop un, ob déi gréng eng Dräierkoalitioun mat der CSV an der DP weiderféiere wëllen,
  • oder ob si Koalitiounsgespréicher mat der LSAP féieren

Et hätt ee gëschter Owend scho Gespréicher mat der CSV a mat der LSAP gefouert, seet d'Josée Lorschée vun déi gréng. Si wéilt e Méindeg am Laf vum Dag d'Gremie vun der Partei an d'Lokalsektioun gesinn, ier si eng Entscheedung trëfft.

Schëffleng

Den CSV-Parteipresident Marc Spautz huet liicht u Stëmme gewonnen.

  • Koalitioun tëscht der CSV an der LSAP si méiglech, esou den CSV-Spëtzekandidat Pierrot Feiereisen. Den LSAP-Spëtzekandidat Carlo Feiereisen huet dat confirméiert
  • D'LSAP an d'CSV géife sech mat déi gréng treffen, seet den Albert Kalmes (déi gréng)

Zu Schëffleng kommen d'CSV an d'LSAP op sechs Mandater. Mat deenen zwee Mandater vun déi gréng géif et fir béid duergoen, eng Majoritéit am Gemengerot ze forméieren. Et hätt een am Moment nach keng Preferenz, esou den Albert Kalmes. Hie rechent domadder, datt en Dënschdeg eng Decisioun zu Schëffleng fält.