Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ‘’Ech géif ni e Sportler betreien, dee sech doppt’’

Olympesch Spiller 2016

‘’Ech géif ni e Sportler betreien, dee sech doppt’’

Den nächste Freideg flitt den Dr. Axel Urhausen mat der Lëtzebuerger Delegatioun op d'Olympesch Spiller zu Rio. Héichleeschtungssport ouni Dopping wier méiglech, seet hien. Allerdéngs wier et schwéier anzeschätzen, wien op onerlaabte Mëttel zeréck gegraff huet.

auto_stories

4 min

Huet hie selwer schonn e gedoppt Sportler betreit? "Schwéier ze soen", fënnt den Dr. Axel Urhausen. Net all Sportler géif all Kéiers kontrolléiert ginn an d’Kontrolle wieren net ëmmer fiabel. "Ech géif ni e Sportler betreien, vun deem ech wéisst, datt e sech doppt". Fir e systematesche Suivi misst et Vertrauen op béide Säite ginn. Och wann ee verschidde Sportler besser géif kennen, "fannen ech et awer wichteg, datt den Dokter och eng gewëssen Distanz huet".

De Chefdokter vum Lëtzebuerger Olympeschen Team ass viru kuerzem vun der "Gesellschaft für Orthopädisch-Traumatologische Sportmedizin" (GOTS) zum "Sportarzt 2016" ausgezeechent ginn.

Beim COSL a bei der ALAD aktiv

Wéi kënnt een als Dokter a Kiné iwwerhaapt mat op d'Spiller? D'Société luxembourgeoise de kinésiethérapie du sport géif dem Nationalen Olympesche Comité (COSL) Kandidate proposéieren, erkläert den Dr. Axel Urhausen am Gespréich mam Maxi Pesch. D’Commission médicale et scientifique vum COSL, an där den Axel Urhausen selwer President ass, decidéiert da wie mat geholl gëtt.

Den Axel Urhausen ass och Member vun der Lëtzebuerger Anti-Doping Agence (ALAD). Muss hien trotz "secret médical" Doppingfäll mellen? "Dat ass eng ganz wichteg Fro". Seng Roll wier als medezinesche Beroder bei der ALAD kloer definéiert. Fir engem Interessekonflikt aus de Féiss ze goen wier hien net un de Kontrolle bedeelegt.

"Et gouf verpasst, en Zeechen ze setzen"

Trotz engem Rapport vun der Weltdopping-Agence, dee systemateschen Dopping vu Russland noweist, huet den Internationalen Olympesche Comité decidéiert eleng déi russesch Liichtathlete fir Rio ze spären. Den Axel Urhausen wier perséinlech der Meenung, datt déi russesch Sportler prinzipiell vun den Olympesche Spiller missten ausgeschloss ginn, och wann dat juristesch problematesch gi wier. Déi Diskussioun hätt awer vill méi fréi misste gefouert ginn. Et hätt een et elo verpasst, en Zeechen ze setzen.

Wéi eng Verantwortung huet d'Medezin am Fall vu Russland? "Ech mengen, datt d'Roll vun den Doktere vläicht net primordial ass", sou den Dr. Urhausen. Allerdéngs hätt een doriwwer och net genuch Hannergrondinformatiounen.

Héchstleeschtungen ouni Dopping?

Déi russesch Athletin Julia Stepanowa, déi iwwert de russesche System ausgepaakt huet, däerf och net mat op Rio. Den IOC argumentéiert, datt och si an der Vergaangenheet op onerlaabte Mëttel zeréck gegraff hat. "Et weess een, datt verschidden Doppingpraktien och iwwer vill Jore kënne positiv Konsequenzen hu fir de Sportler." Et wier awer net dat richteg Signal fir Whistleblower ze bestrofen, mengt den Chefdokter vun der Lëtzebuerger Delegatioun fir Rio.

Héichleeschtungssport wier duerchaus ouni Dopping méiglech, souguer fir eng Medail ze kréien, seet den Dokter Urhausen. "Woubäi et ëmmer méi schwéier gëtt d'Limite wëssenschaftlech festzeleeën." Et wéisst een net genee, ob d'Leeschtungen, déi als Referenz geholl ginn, net och schonn duerch onerlaabte Mëttel verfälscht sinn. "Den Doute ass leider fir déi propper Sportler ëmmer méi no. Dofir ass et wichteg, ee System ze hunn, deen hinne sou vill wéi méiglech hëlleft."