Radioen

On air

Moiesstudio  |  Timothée Parrique

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Ëffentlech Europaschoulen: D'Demande ass méi grouss ewéi d'Offer

Educatioun

Ëffentlech Europaschoulen: D'Demande ass méi grouss ewéi d'Offer

Den Direkter vun der internationaler Schoul zu Déifferdeng an Esch plädéiert dofir, d'Alphabetisatioun op Franséisch an de Lëtzebuerger Schoulen auszebauen. Anescht wéi an den traditionelle Lëtzebuerger Schoulen, kann een an der EIDE nämlech op Franséisch oder op Englesch liesen a schreiwe léieren.

auto_stories

2 min

Den Direkter vun der internationaler Schoul zu Déifferdeng an Esch, Gérard Zens. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Gérard Zens betount am 100,7-Interview awer, et kéint een net jiddereen ophuelen, den dorun interesséiert ass.

"Ech hunn dat elo d'lescht Joer gekuckt: Mir hunn iwwer 400 Schüler nei opgeholl. Mir haten awer bal 1.500 Demandes d'inscription. Dat heescht, mir konnten ongeféier een Drëttel vun de Kanner ophuelen."

Eng Méiglechkeet fir där grousser Demande nozekomme wier, net just an internationale Schoulen op Franséisch ze alphabetiséieren, mee och a Schoulen, déi nom klassesche Lëtzebuerger Schoulsystem funktionéieren, esou de Gérard Zens.

EIDE: Ee Véierel vun de Schüler kréien ee Subside

De Gérard Zens begréisst, datt dat elo schonn deelweis an traditionelle Lëtzebuerger Schoule soll ugebuede ginn. Aktuell géing och eng Enseignante vun der EIDE zu Uewerkuer eng Hand mat upaken, an eng zu Schëffleng.

"An ech menge schonn, datt dat eng Léisung ka si fir grad eben och ze evitéieren, datt Schüler vun hiren Eltere mussen ugemellt ginn. Ech mengen nämlech, datt et dohier kënnt, datt mir méi ekonomesch besser gestallte Schüler an den internationale Schoulen hunn, well dat ee positive Choix vun den Eltere muss si fir do eran ze kommen."

Fuerscher vun der Uni haten iwwerdeems d'lescht Woch drop higewisen, datt déi meescht Schüler an den ëffentlechen internationale Schoulen aus besser gestallte Famille kommen. De Gerard Zens huet dat awer de Moien hei op der Antenn drop higewisen, a senger Schoul géifen och 25 Prozent vun de Schüler ee Subside fir "élève nécessiteux" kréien.