Radioen

On air

Notturno  |  Makaya McCraven - The Fours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pierre Mellina: No 19 Joer kee Mandat als Buergermeeschter méi

Gemengewalen 2023

Pierre Mellina: No 19 Joer kee Mandat als Buergermeeschter méi

Egal wat geschitt, a souguer wann hien nees eemol déi meescht Stëmme sollt kréien: De Pierre Mellina wäert no de Wale vum 11. Juni zu Péiteng net méi als Buergermeeschter zur Verfügung stoen.

auto_stories

2 min

De Pierre Mellina steet no 19 Joer net méi als Buergermeeschter fir d'Gemeng Péiteng zur Verfügung

Dat huet den CSV-Politiker, deen zanter bal 19 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng steet, am 100,7-Interview widderholl. Hie wier gefrot ginn, wéinst senger Erfarung nach eemol mat an d'Walen ze goen, a géif d'Mandat am Conseil och unhuelen, wann e gewielt gëtt.

"Ech hunn e bëssen iwwerluecht, ech war eigentlech direkt net esou waarm dofir", seet de Pierre Mellina am 100,7-Interview.

Schlussendlech hätt hie sech awer dozou entscheet, d'Ekipp ëm de Jean-Marie Halsdorf an André Martins ze ënnerstëtzen, "fir datt mir och déi nächst Period nach eemol kënnen eng féierend Roll zu Péiteng spillen", seet de Pierre Mellina.

Op d'Spëtzekandidatur hat hien awer scho virun e puer Wochen zugonschte vu Jean-Marie Halsdorf an André Martins (déi als Duebelspëtzt an d'Wale ginn) verzicht.

Péiteng: Eng spuersam Gemeng

Mat engem Budgetsiwwerschoss, dee méi héich ausfält wéi déi aktuell Verbindlechkeeten, ass Péiteng de facto eng Gemeng ouni Schold. Wéi hien 2004 als Buergermeeschter ugetruede war, hätt d'Schold nach bei 2.500 Euro pro Awunner geluecht, seet de Pierre Mellina am 100,7-Interview.

Déi gutt finanziell Situatioun wär vrun allem drop zréckzeféieren, datt d'Gemeng Péiteng mat nëmme 439 Mataarbechter verhältnisméisseg wéineg Personal géif beschäftegen:

"Mir kucken déi Leit, déi mer hunn, méi optimal anzesetzen. An do sinn ech der Meenung, datt nach Sputt no uewen ass. Mir hunn awer och decidéiert eng ganz Rei Saachen, déi nice to have wieren, net onbedéngt ze maachen. Et ass wéi doheem: Et muss ee kucken, wann een d'Suen op där enger Plaz ausgëtt sinn se net méi do fir déi aner Saachen ze bezuelen."

Dofir hätt d'Gemeng Péiteng eng Selektioun gemaach an et hätt ee "sécherlech" och net all déi Offeren, déi aner Gemenge fir hir Bierger hunn. Et wier een zur Conclusioun komm, datt déi Servicer net onbedéngt ee Must wieren.