Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hesper: DP an déi gréng oppe fir Koalitioun mat der CSV

Gemengewalen

Hesper: DP an déi gréng oppe fir Koalitioun mat der CSV

Hesper huet vill negativ Schlagzeile mat enger Detournements-Affär gemaach. De Claude Lamberty vun der Hesper DP bedauert, datt den CSV-Buergermeeschter Marc Lies net méi transparent mat der sougenannter Détournements-Affär ëmgaang ass.

auto_stories

2 min

V. l. n. r.: Claude Lamberty (DP), Marc Lies (CSV), Stephen de Ron (déi gréng). (Fotoen: Jo Diseviscourt)

Den DP-Politiker huet hei op der Antenn betount, den Ëmgang mat der Affär hätt dofir gesuergt, datt d'Bierger vill Vertrauen an d'Politik verluer hätten.

De Ron: Hesper muss nees "the place to be" ginn

An awer, schléisst d'DP net aus no de Gemengewalen zu Hesper an eng Koalitioun mat der mat der CSV ze goen. An och déi gréng kënnen sech eng Koalitioun mat der CSV weider virstellen. Dat sot eis hire Spëtzekandidat Stephen de Ron. No de Wale misst een eben d'Resultater vun alle Parteie kucken.

"Mir verschléissen eis kenger Diskussioun, well et kann een alles verbesseren, an et kann ee probéieren no vir ze kucken, an sech ze froen: Wat ass dat Bescht fir d'Gemeng. Mir mussen aus eiser Gemeng einfach erëm the place to be maachen - dat ass de But."

Am Moment huet d'CSV zu Hesper eng absolutt Majoritéit. D'DP an déi Gréng sinn déi zwou gréisst Oppositiounsparteien am Gemengerot.

Détournements-Affär

Iwwerdeems spillt d'Détournements-Affär ronderëm zwee fréier Gemengebeamten och am Gemengewalkampf eng Roll: Den CSV-Buergermeeschter Marc Lies huet op Kriticke vun der Oppositioun reagéiert. Am 100,7-Débat huet hie betount, d'Gemeng hätt sech wéinst dëser Affär nei Reegelen fir den Ëmgang mat de Finanze ginn:

"Mir hu vun dem Moment un, wou mer gewosst hunn, wéi de System funktionéiert - a ganz am Ufank hu mer nach net ganz hannendru gesinn - mee verschidde Saache sinn detektéiert ginn, an déi Schlupflächer sinn direkt am Juni-Juli 2019 zougemaach ginn."

Et gouf och een Audit gemaach fir verschidde Saachen analyséieren ze kënnen. Ob awer och d'Oppositioun der Meenung ass, datt elo all d'Schlupflächer zou wieren? Dem Claude Lamberty no geet et am Endeffekt ëm d'Vertraue vum Bierger, vum Wieler, an d'Politik.

"De Vertrauensverloscht vun de Bierger an d'Politik insgesamt ass mengen ech enorm. An do brauche mer vill méi laang, wéi elo einfach ze soen: Voilà, et ass e Geriichtsurteel do, an elo maache mer eigentlech erëm Business as usual."

Nieft der DP fuerderen och Déi Gréng, datt d'Détournements-Affär zu Hesper no de Gemengewale weider opgeschafft gëtt.