Radioen

On air

Espresso Beats  |  Vicki Sue Robinson - Turn The Beat Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IPCC-Rapport "ee kloert Alarmsignal"

Klimawandel

IPCC-Rapport "ee kloert Alarmsignal"

Den IPCC-Rapport wier e kloert Alarmsignal, dat een elo net méi dierft ignoréieren, esou d'Ëmwelt- a Klimaministerin Carole Dieschbourg. D'Emissioune vun Zäregase misste weltwäit reduzéiert ginn. Lëtzebuerg hätt awer schonns op nationalem Niveau eng ganz Réi vu Mesuren en place gesat fir hei seng Hausaufgaben ze maachen. Och international wéilt ee bei der nächster Klimakonferenz am November a Schottland Positioun ergräifen.

auto_stories

2 min

D'Carole Dieschbourg versprécht eng konrekt Positionéierung vu Lëtzebuerg bei der COP26 zu Glasgow. Foto: Archiv

D'Ëmwelt- a Klimaministerin Carole Dieschbourg ass sech sécher: Lëtzebuerg wier gutt opgestallt fir bis 2030 seng CO2-Emissiounen ëm 55 Prozent ze reduzéieren - a bis 2050 d'Klimaneutralitéit ze erreechen.


Lauschterenplay_arrow


Heifir géingen et aktuell eng ganz Réi Instrumenter ginn, ewéi zum Beispill de Klimapakt 2.0 fir Gemengen. Och den eenzele Bierger wier net vergiess ginn, zum Beispill bei der Dekarboniséierung vum Transport oder awer "d'Haiser esou ze sanéieren, datt mir zukünfteg och Produzent gi vun erneierbaren Energien". D'Carole Dieschbourg ënnersträicht, datt et do Bäihëllefe vum Staat ginn.

Op der Klimakonferenz Cop26, déi am November zu Glasgow ass, géif Lëtzebuerg konkret Positioun ergräifen. Et géif kucken, datt duerch déi Emissiounsmäert, déi solle global entscheet ginn, net weider Bëscher ofgeholzt ginn.

Lëtzebuerg wéilt och op diplomateschem Niveau hëllefen:

"Mir wäerte sécherlech och als Bréckebauer aktiv sinn. Lëtzebuerg ass mat sengen Ausgabe pro Kapp wat déi international Klimafinanzéierung ugeet an de Bäistand dee mir deene Vulnerabelsten, den Inselstaaten awer och eise Partnerlänner vun der Kooperatioun ginn, ee vun deene Länner déi international ganz, ganz aktiv sinn."

Nëmmen als kollektiven, internationalen Effort wieren d'Klimaziler ze erreechen - a wéi dréngend dat wier hätt den IPCC-Rapport jo elo schwaarz op wäiss gewisen, esou d'Carole Dieschbourg.