Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Relatioune mam Iran

Wirtschaft

Relatioune mam Iran

Wéinst dem méi grousse politesche Risiko bei de Relatioune mam Iran sinn d'Entreprisen erëm komplett veronséchert ginn: Dat stellt de Jeannot Erpelding fest, sechs Wochen nodeem d'USA aus dem internationalen Atomaccord erausgeklomme sinn. Dem Direkter vun den Affaires internationales bei der Lëtzebuerger Chambre de Commece no géif Europa wéinst de rezenten Entwécklungen negativ Konsequenze riskéieren.

auto_stories

2 min

De Jeannot Erpelding, Direkter vun den "Affaires internationales" bei der Lëtzebuerger Chambre de Commece.

Well de West-europäeschen Entreprisen hir Risikoaschätzung a Saachen Iran éischter negativ ausfält, géif de Geschäftspartner Iran an d'Ärem vun anere Fournisseuren aus zum Beispill de Vereenegten Arabeschen Emirater, der Tierkei oder China gedriwwe ginn, bedauert de Jeannot Erpelding. Et géif ee riskéieren als Europa do ganz grouss ze verléieren, mengt hien.

Déi Lëtzebuerger Handelskammer hat am Fréijoer 2015 - e puer Méint virun der Signature vum Atomaccord - eng éischt Wirtschaftsmissioun mat ronn enger Dose Leit an den Iran organiséiert. Eng gewëssen Zuel u Lëtzebuerger Entreprisë wieren am Iran aktiv, esou de Jeannot Erpelding: Eng konkret Zuel an Nimm vun Entreprisë wëllt hien awer keng nennen.

E grousse Marché mat vill Potential

Den Iran wier e Risemarché mat engem Risepotential, mee et géif awer e Koup Problemer ginn, fir do Geschäfter ze maachen. Do misst ee kucken, wéi ee sech do uleet. D'Chambre de Commerce géif do den Entreprisen zur Säit stoen, fir se dann op esou ee Marché ze preparéieren, a fir se bei hiren Demarchen ze guidéieren, seet de Jeannot Erpelding.

D'Erausklamme vun den USA aus dem Atomaccord mam Iran wier "franchement negativ" fir d'Geschäftsrelatiounen, betount de Jeannot Erpelding vun der Chambre de Commerce. Et wier zwar net verbuede Geschäfter mam Iran ze maachen, um operationelle Plang wier dat awer extrem schwiereg, ganz speziell um Niveau vum Finanzement an de Finanztransaktiounen. Do wier et extrem schwiereg, well dat ganz dacks iwwer Dollargeschäfter géif lafen, an dat momentan schwéier wier. Weider seet de Jeannot Erpelding, datt momentan keng Bank zu Lëtzebuerg Transferte vu Fonge fir Clienten hei zu Lëtzebuerg, weder an déi eng nach an déi aner Richtung.

D'Chambre de commerce hat déi virlescht Woch eng Journée hei zu Lëtzebuerg organiséiert, fir Geschäftsopportunitéite mam Iran. Ronn eng hallef Dose Lëtzebuerger Entreprisen hätte sech deen Dag informéiert, esou de Jeannot Erpelding.


De Serge Kesseler am Panorama, den 19. Juni um 7 Auer:

Lauschterenplay_arrow